"Joints for Jabs" huet et en Dënschdeg zu New York geheescht. Et gouf deemno e bësse méi eng speziell Belounung, wann e sech impfe gelooss huet.

Jiddereen zu New York, deen noweise konnt, op d'mannst eng Corona-Impfung kritt ze hunn, huet sech en Dënschdeg dierfen e gratis Joint um Union Square siche goen um. Dobäi huet et sech zwar net ëm eng staatlech Primm gehandelt, mee ëm eng Initiativ vun Aktivisten, déi mat där Aktioun déi eréischt viru kuerzem decidéiert Legaliséierung vu Cannabis als Genossmëttel am US-Bundesstaat New York feiere wollten.

Eng änlech Aktioun gouf et nach an der US-Haaptstad Washington.

"Dat ass déi éischte Kéier, dass mir hei sëtzen a ganz legal Jointe u Mënsche verdeele kënnen", sou de Michael O'Malley, ee vun den Organisateure vun der Aktioun "Joints for Jabs" (Joints fir Impgungen). "Mir ënnerstëtzen d'Beméiunge vun der Regierung fir d'Impfungen. A mir versichen och, si dozou ze kréien, Gras landeswäit ze legaliséieren."

Fir hir Aktioun zu New York haten déi Fräiwëlleg eng 1.500 Jointe gebaut. A fir eng esou eng Marihuana-Zigarett stoungen d'Mënsche bei beschtem Wieder gär an der Schlaang, wou ee sech huet missen iwwer 10 Minutte gedëllegen.

Eng Fra a Cannabis-Konsument, déi fir sech a fir hir Mamm en Joint siche war an dofir och 2 Impf-Noweiser hat, war op alle Fall begeeschtert: "Ech fëmmen all Dag an ech sinn e bessere Mënsch, wann ech fëmmen, dat kënnt Dir mir gleewen". D'Corona-Impfunge fënnt si wichteg, d'Leit sollte sech elo net just wéinst engem Joint impfe loossen. "Mee wann et wierkt, da wierkt et".