E Mëttwoch ass de 95. Gebuertsdag vun der Queen Elizabeth II. an dës Kéier ouni iergendwellech ëffentlech Feierlechkeeten.

Weder ginn déi traditionell Kanouneschëss ofgeschoss, nach gëtt en neie Portrait vun der Queen verëffentlecht. Et soll fir d'brittesch Kinnigin, déi weiderhin op Schlass Windsor westlech vu London ass, e "privaten Dag" sinn. D'Militärparad, mat där de "Queen's birthday" traditionell am Juni nogefeiert gëtt, ass wéinst der Corona-Pandemie och annuléiert.

De Gebuertsdag fält nom Doud vum Prënz Philip den 9. Abrëll genee an déi offiziell Trauerzäit vun de Royals, an déi dauert 2 Wochen. Fir d'Queen ass et donieft den éischte Gebuertsdag no 73 Joer Bestietnes, deen si elo ouni Mann muss ofhalen.

RTL

© AFP

D'Zeremonie am Kader vum Begriefnis, déi live op der Tëlee iwwerdroe gouf, war wéinst der Pandemie just am enkste Familljekrees. Amplaz 800 Leit, koume just 30 Gäscht. D'Bild vun der Queen, déi deen Dag eleng an nodenklech an der Kierchebänk souz, huet der brittescher Press Suerge gemaach. Dem Joe Little vum "Majesty Magazine" no géif sech d'Elizabeth II. nom Doud vun hirem Mann "perséinlech um Buedem zerstéiert" fillen, si géif hir Flichten awer net vernoléissegen. "Et gëtt eng ëffentlech Kinnigin an eng privat Kinnigin a si ass groussaarteg doran, dat opzedeelen", sou de Royal-Expert.

Ganz eleng wäert d'Queen awer net sinn. Wéi de "Mirror" wësse gedoen huet, wäerten d'Prinzessin Anne an d'Sophie, Comtesse vu Wessex, mat hir zu Mëtteg iessen. Si zielen zu den enkste Vertraute vun der Monarchin.