Traditionell ginn ëmmer den éischte Freideg no Ouschteren déi nei Wäiner vum Joer virgestallt, um "Maacher Wäimoart".

Wéinst Corona gouf dee lescht Joer ofgesot. Net esou awer dëst Joer. D'Organisateuren an d'Wënzer hu sech nämlech eppes afale gelooss, fir och op Distanz rëm méi no beim Client ze sinn. Esou ass de Maart kuerzerhand an de WWW verluecht ginn.

Amplaz dass d'Leit sech duerch déi verschidde Stänn vun de Wënzer schmaachen, konnte se de leschte Weekend hir eege Wäibox siche kommen. 4 Fläsche Wäin an 2 Fläsche Cremant konnt ee bestellen, fir de Präis vu 60 Euro. An e klenge Concert vun der Maacher Musek, déi sech och gefreet huet, erëm ënnert d’Leit ze kommen, gouf et gratis dobäi.

Fir d’Carole Clemens, déi mir leschten Donneschdeg bei de Preparatioune begleet hunn, war dës spezial Edition och eng Ëmstellung. Si këmmert sech zanter Joren ëm d'Organisatioun vum "Maacher Wäimoart". Wënzer kontaktéieren, d'Hal preparéieren, Stänn op- an ofriichten, dat alles ass dëst Joer ewechgefall. Amplaz stellen d'Wënzer sech an hir Produiten a Videoe vir, wärend d'Carole d'Commandë geréiert an d'Iwwerweisungen am A behalen huet. D'Iddi fir Wäikëschten zesummen ze stellen, wier dobäi “en cours de route” entstanen a koum vun de Wënzer selwer, esou d'Carole Clemens.

"Et war alles nei, et huet ee mol misse kucken. An et wosst een och net, gëtt et ee Succès oder net. Hu mer herno 50 Këschten anzepaken oder wéi elo eben 431."

2.586 Fläsche vun 23 Wënzer ginn also eraus bei d'Leit – ganz nom Motto: mir bréngen de Miseler Way of Life bei Iech Heem. Fir d'Wënzer ee klenge Liichtbléck no enger laanger Phas vu Perten duerch d'Fermeture vum Horeca-Secteur a Foiren, déi ausgefall sinn.

De Léon Gloden: "Just fir Iech en Ordre de grandeur ze ginn: eleng op engem Maacher Wäifest, also wou d'Wäikinnigin gekréint gëtt, déi dräi Deeg ginn iwwer 15.000 Fläsche Wäin a Cremant verkaf. A wann een dat héichrechent eleng op all déi Wäifester, déi op der Musel sinn, hu se natierlech grouss Perten. Si probéieren dat och ze kompenséieren duerch den Online-Handel, mee dat sinn natierlech net déi Quantitéite wéi an enger Restauratioun oder op engem Wäifest."

Ma den Organisateuren ass et virun allem och ëm d'Traditioun gaangen. Als fréier Wäikinnigin läit et dem Carole Clemens nämlech um Häerz déi Traditioun oprecht ze erhalen an d'Wäiner a Cremanten ënner d'Leit ze bréngen. D'Leit sollen net vergiessen, dass et de Wäimoart gëtt, betount d'Carole Clemens.