Am Live! Planet People goung et ëm Musek, Motorsport a Comedy.

De Steve Reisdorf huet fir Elektriker geléiert an dono zu Tréier säin Ofschloss als Diplominformatiker gemaach. Zanterhier sicht hie permanent no innovative Léisungen, sief dat fir op Dëppefester ouni Boergeld ze bezuelen oder elo fir Stongen bei Knuppautoen iwwerflësseg ze maachen a mat enger App um Smartphone ze bezuelen. Wéi dat fonctionéiert stellt hien dëse Samschdeg zu Düsseldorf der Presse vir.

D'Fiona Wagner a seng Mamm Paola ënnerstëtzen d'Kriibsfuerschung, an dobäi kënnt hinnen d'Molerei zegutt. Viru 7 Joer ass d'Tatta vum Fiona u Kriibs gestuerwen, an och bei sengem Koseng ass virun 7 Joer Kriibs diagnostizéiert ginn, an dat war den Ausléiser fir d'Talent ze notzen a Biller ze molen, déi ee fir de gudden Zweck verkafe kann. Ënnert dem Numm "Crochet et Dessin Solidaire" ass d'Fiona bei Lëtz Go Gold ugemellt.

RTL

No Rodange, Ëlwen, Suessem an Iechternach ass et um Centre de promesse vu Stroossen fir säi grousse Scheck an d'Kamera ze halen, dee beweist, wéi vill Efforte se déi lescht Wochen a Méint trotz Pandemie gemaach hunn, fir d'Fuerschung virunzebréngen.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.