"Ech sinn dobäi", huet déi 71 Joer al Republikanerin, déi zum Kardashian-Familljeclan gehéiert, e Freideg erkläert.

"Ech hu bewisen, dass ech eng Gewënnerin sinn, an donieft déi eenzeg Aussesäiterin, déi der katastrophaler Amtszäit vum Gavin Newsom als Gouverneur en Enn setze kann", sot d'Transgender-Aktivistin Caitlyn Jenner. Den Newson ass Demokrat.

Kalifornien wier antëscht eng "Ee-Parteien-Herrschaft", huet déi fréier Olympiagewënnerin mat Bléck op d'Dominanz vun den Demokraten a dem "Golden State" erkläert. Déi kalifornesch Haaptstad Sacramento bräicht "eng éierlech Leaderin mat enger klorer Visioun".

Déi nächst Gouverneurswalen an dem US-Westküstestaat wiere regulär am Hierscht 2022. Et ginn awer Beméiungen, de Gavin Newsom, deen duerch seng Coronapolitik deelweis an d'Kritik geroden ass, duerch erzwongen Neiwalen aus dem Amt ze drängen. Am Bundesstaat haten et mat de Schauspiller Ronald Reagan an Arnold Schwarzenegger an der Vergaangenheet scho Prominenter an d'Amt vum Gouverneur gepackt.

D'Caitlyn Jenner ass déi wuel bekanntsten Transgender-Aktivistin vun den USA. Als Bruce Jenner hat si bei den Olympesche Summerspiller 1976 zu Montreal d'Goldmedail am Zengkampf vun de Männer gewonnen. Donieft gouf si als Stéifpapp vum Starlet Kim Kardashian an där hirer Reality-Serie populär.

No hirem Outing am Joer 2015 huet d'Caitlyn Jenner dunn hir eege Fernseeserie kritt. An "I Am Cait" geet et ëm hir Transgender-Erfarungen.