Mam Bestseller "Mein Hund hat eine Seele" an "Die geheime Seele meines Hundes" gouf een op de Laurent Amann opmierksam.

An Éisträich war en op der Tëlee scho méi dacks ze gesinn, ma zu Lëtzebuerg ass de Laurent Amann och 3 bis 4 mol am Joer. Besser ass en awer bekannt ënnert dem Numm: Déireflüsterer. Hie bitt e Seminären un, wou een als Privatmann säin Hausdéier entweder besser an de Grëff kritt oder aner Saachen an der Kommunikatioun tëschent Mënsch an Déier verbessere kann.

Am Beetebuerger Park erfëllt de Laurent gläich 2 Aufgaben. Engersäits gëtt ganz genee no d'Matbewunner vum Beetebuerger Park gekuckt an op där anerer Säit léiere mir Mënschen och eppes vu den Déieren.

De Laurent wosst als Kand nach net dass hien eng Kéier Déiereflüsterer gëtt, seng Geschicht hannendrun huet awer fréi ugefaangen. Hien ass aus der Mënschenwelt geflücht, well en besser vun den Déiere verstane gouf.

Am Beetebuerger Park huet de Laurent eng grouss Auswiel un Déieren, Déiere vu 5 verschiddene Kontinenter, esou kann hie op ënnerschiddlech Manéieren op déi eenzel Déieren agoen. De Beruff als Déiereflüsterer, fir de Laurent en Dramjob , wou een och meeschtens zimmlech direkt e Feedback kritt. Entweder direkt vum Déier oder no enger Zäit andeems ee vill op d'Déier ageet. D’Déier spigelt meeschtens onser een zeréck.

3 bis 4 mol am Joer fënnt de gebiertege Steeseler de Wee op Lëtzebuerg , ma wann en hei ass muss een sech bäi maachen,  d'Plazen a senge Seminäre si gefrot a si méi séier fort ewéi hien heiansdo kucke kann, e Beweis, dass mir Lëtzebuerger wierklech alles fir onsen treie Begleeder maachen.