Just eng véierel Stonn nodeems d'Koppel an der Maternité ukoum, koum hir Duechter op d'Welt.

Zu Dortmund ass eng Fra mat Wéien am Stau hänke bliwwen. Wéi d'Police de Méindeg matgedeelt huet, war een 31 Joer ale Mann mat senger Fra de Samschdeg Mëtteg um Wee fir an d'Maternité, wou si bemol wéinst enger Spärung op der Autobunn net méi weiderkoumen.

Antëscht louchen tëscht de Wéie vun der 30 Joer aler Fra allerdéngs just nach fënnef Minutten, et war also net méi laang bis zur Gebuert.

De Chauffeur huet der Police ugeruff, déi mat engem Policewon um séierste Wee mat bloe Luuchten a Sireenen duerch de Stau bei d'Koppel gefuer koum. D'Beamten hu si dunn iwwert eng Rettungsgaass aus dem Stau manövréiert - an zwar keng Sekonn ze fréi.

Just eng véierel Stonn, nodeems d'Koppel dunn endlech mat Hëllef vun de Beamten an der Maternité ukoum, koum hir Duechter op d'Welt. Zwou Stonnen no der Gebuert huet de Papp de Beamten ugeruff, fir hinne Merci ze soen.