Eist Iessen huet net nëmmen en Effekt op eis Gesondheet, mee och op aner Mënschen an d'Ëmwelt.

Wou d'Liewensmëttel hikommen a wéi se produzéiert ginn, wësse mer dacks net. Ma 1 Milliard Leit weltwäit schaffen am Landwirtschafts- a Liewensmëttelsecteur, dat seet emol d'FAO (Food & Agricultural Organisation). Esouvill wéi a kengem anere Secteur. De Samschdeg 16. Oktober war de Welternärungsdag. En Dag, op deem d'Vereenten Natiounen an international Organisatiounen iwwert den Honger an d'Liewensmëttelversuergung an der Welt informéieren. Der FAO no hunn 3 Milliarde Leit weltwäit keng Moyenen, fir sech eng gesond Ernärung ze leeschten.

Gi mer hei zu Lëtzebuerg an e Supermarché, da fanne mer Liewensmëttel aus allen Ecke vun der Welt. De Choix ass grouss. Och regional, biologesch a fair gehandelt Produite sinn ze fannen. Obwuel d'Offer do ass, fält nohalteg akafen am Alldag net ganz einfach. Ass een ënnerwee a geet an de Restaurant schéngt et nach méi eng grouss Erausfuerderung.

Eng Lëtzebuerger App fir en nohaltegt Akafen

Op der Uni Lëtzebuerg fuerscht d'Dr. Rachel Reckinger an hir Ekipp zum Thema "nohalteg Ernärungspraktiken".

© sustainable food practices / University of Luxembourg

E Projet ass et, fir d'nächst Joer eng App ze lancéieren, déi engem hëllefe soll, am Buttek e séieren nohaltege Choix ze treffen. D'Scanne vun engem Liewensmëttel weist engem dann déi verschidden Nohaltegkeetspunkten, déi een erfëllt, an et kann ee se mat anere Produite vergläichen. D'Fuerscherekipp vun der Uni Lëtzebuerg wäert déi Leit, déi d'App benotzen, begleeden a wëll domadder erausfannen, ob sou eng Handy-Applikatioun d'Kafverhale ka beaflossen.

Fir d'Dr. Rachel Reckinger sinn e puer Punkte wichteg, fir dass eis Ernärung richteg nohalteg ka gestalt ginn. Si huet eng konkret Visioun vun eiser Ernärung an Zukunft:

"Villfälteg, genësserlech, dräi Véierels manner Fleesch an zwee Drëttel manner Mëllechprodukter, wat awer duerch héichwäertegt "Sonndesfleesch" an duerch reell nohalteg produzéiert planzlech Alternativen ersat gëtt. Vill méi Kreativitéit a Kompetenz beim Kachen an Zoubereede vum planzlechen Undeel op eisen Telleren. Vill manner "ultra-processed" Iesse mat ongesonden Zockerzorten, Transfetten, Additiver.

Duerch manner Fleesch- a Mëllechprodukter-Produktioun kréien eis Bauere Kapazitéite fräi, fir sech entrepreneurial ze diversifizéieren, an sou Aarbechtsplazen ze schafen. Fir hire Risiko ze kompenséieren, brauche mir awer onbedéngt "Food hubs" (also Plattforme fir regional Produkter vu ville Produzenten, op déi professionell Akeefer wéi Kantinnen a Restaurante kënnen zentral zougräifen), fir den Ofsaz och vu klenge Strukturen ze garantéieren."Gär gëtt dat duerch Importer ergänzt, mee déi sollen enger systemescher Ethik vun der ganzer Liwwerketten ënnerleien, fir ze garantéieren, dass souwuel d'Produzenten an och d'Transformateure fair bezuelt ginn, an net nëmmen d'Distributioun profitéiert.

Nohalteg Ernärung als Kompetenz an der Schoul?

D'Politik soll sech fir eng koherent Ernärungspolitik asetzen an nohalteg Ernärung misst als elementar Bierger-Kompetenz an de Schoule geléiert ginn. Och d'Restaurateure kënnen hir Kreativitéit méi op planzlech Rezepter lenken, fir d'Leit z'inspiréieren.

Als Bierger vun enger Ernärungsdemokratie soll all Eenzele sech kënnen engagéieren an Ernärungsréit, wou Politik a Verwaltung, Ernärungssecteur, Zivilgesellschaft a Fuerschung zesummen innovativ a konkret Projeten ausschaffen.

Am Buttek selwer soll den nohaltege Choix deen einfachsten sinn, dat heescht ongesond, onethesch, ongerecht a ressourcenintensiv Produkter sollen no an no aus der Offer verschwannen. Gär kann de Leit an der Akafssituatioun do mat enger App gehollef ginn, déi hinne konkret sur place e klenge Recapitulatif vu vergläichbare Produkter mécht.

Dat heescht de ganzen Ernärungsystem dréit zu engem nohaltege Wandel bäi, op eng positiv Aart a Weis, ouni Scholdzouweisungen, awer am Dialog a mat iwwerpréifbaren Ziler a Meilesteng.