Si gouf 1905 zu Méideng gebuer an op den Numm Anna Catherina gedeeft. Deene meeschte vun eis ass si ënnert dem Numm Ketty Thull e Begrëff.

Villäicht hutt Dir jo och e Buch vun hir am Regal stoen, well därer huet si eng sëllegen erausginn. Wéi ee kacht, baakt oder Liewensmëttel konservéiert - dat fënnt een an hire Bicher.

Wéi koum si op dës Iddi a vu wou staamt hir Loscht um Kachen? Elo kënnt rëm eng nei Versioun vum Lëtzebuerger Kachbuch op de Maart. Grond genuch, fir mol op d'Spuere vun der bekannter Kächin ze goen.

RTL-Gewënnspill

Maacht mat bei eisem klenge Quiz a gewannt dat neit Ketty-Thull-Buch. Klickt hei, fir op de Link ze kommen.