Wéini kritt ee schonn d'Geleeënheet, géint Top-Sportlerinnen unzetrieden?

Um Haff huet ee sech déi Geleeënheet net duerch d'Fanger goe gelooss an huet dofir am Salon kuerzerhand en Dëschtënnis-Dësch opgeriicht.

D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte waren nämlech zesumme mat hirem Trainer Tommy Danielsson beim Grand-Duc op Besuch. Dee wollt hinnen zu hirer Bronzemedail op der Dëschtennis-WM zu Houston an den USA ze gratuléieren.

De Grand Duc huet et sech dunn och net huele gelooss, selwer eng Partie géint géint déi zwou Bronze-Gewënnerinnen ze spillen a säi Kënnen ënner Beweis ze stellen. De Spillstand war schlussendlech awer éischter niewesächlech - et goung ëm de Spaass um Sport, an dee war kloer ze gesinn.

Och de Prënz Louis war mat derbäi. Zum Schluss gouf et dunn nach e puer signéiert Dëschtennis-Racketten.

Schonn am Virfeld sinn de Prënz Louis a Prënz Gabriel an der Coque géint béid Dammen ugetrueden. Keng einfach Géignerinnen, déi si sech erausgesicht haten.