Schaarf ass kee Goût ewéi salzeg, séiss, sauer, batter oder umami. Dat, wat mir als schaarf empfannen, ass aus medezinescher a biologescher Siicht Péng.

Schäerft wierkt op d'Rezeptoren am Mond a léist esou e Wéi- an Hëtzt-Reiz aus. A wat de Plat méi waarm ass, wat een d'Schäerft ëm sou méi intensiv spiert.

Eng "Péng", déi awer och positiv Effekter huet - Baisse vun der Kierpertemperatur (dowéinst ass schaarft Iesse jo absënns a waarme Länner ganz beléift), d'Verdauung gëtt stimuléiert, eis Zong gëtt besser duerchblutt wouwéinst aner Aromae belieft ginn an net ze vergiessen: déi antibakteriell an antiseptesch Wierkung.

Responsabel heifir ass d'Substanz Capsaicin (CPS), eng chemesch Zesummesetzung aus der Famill vun den Alkaloiden. Capsaicin reizt d'Schläimhait a suergt esou dofir, datt mer iwwerhaapt eppes als schaarf empfanne kënnen.

RTL

© pixabay

Ze héich doséiert kann de Schoss awer och no hanne lass goen. Iwwelzegkeet, Blutthéichdrock a Kreeslafkollaps kënnen desagreabel Konsequenze sinn.

Wann et engem mol ze schaarf ass, da soll een op kee Fall mat Waasser entgéintwierken. Waasser verstäerkt d'Reaktioun souguer nach well esou de Capsaicin am Mond an an der Strass verdeelt a verbreet gëtt. Besser si Mëllechprodukter, Bottermëllech oder Jugurt. Déi enthale Casein, e Protein deen de Capsaicin bënnt an esou dee schaarfe Goût ofbremst.

RTL

© pixabay

Mat der Entdeckung vun der Neier Welt hunn och déi verschidden Chilli-Planzen an Zorten de Wee no Europa fonnt. Schaarf gewierzt gëtt awer schonn zanter iwwer 6000 Joer, dat konnten archeologesch Decouverte kloer beleeën.

Schäerft gëtt iwwregens mat Hëllef vun enger Skala gemooss, déi den amerikanesche Apdikter Wilbur Lincoln Scoville virun iwwer 100 Joer entwéckelt huet. Op där sougenannter Scoville-Skala huet beispillsweis déi harmlos Geméispaprika e Wäert vun ongeféier 10 a Cayennepeffer ronn 40.000. A bei der Zuuchtform Carolina Reaper, déi offiziell schäerfsten Chilli-Zort vun der Welt, si mer bei 2,4 Millioune Scoville.
https://www.chilliworld.com/factfile/scoville-scale

International Hot & Spicy Food Day / Rep. Gibbes Bertolo

Et gëtt iwwregens e Fachbegrëff fir Mënschen, déi gären a reegelméisseg schaarf iessen, esou Leit bezeechent een als "Pyro-Gourmaniacs"  ...

RTL

© pixabay