POLARIS 22, heescht de grousse federale Scoutscamp vun der FNEL mat 600 Scouten, deen elo den Ament am Scout Camp Ransberg zu Ransäter a Schweden ass.

Bis elo, de gréisste federale Camp am Ausland an der méi 100-järeger Geschicht vun der FNEL.

Federale Camp vun der FNEL, wat heescht dat? All 4 Joer, wann net grad eng Pandemie ronderëm d’Welt geet, organiséiert Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg e grousse Summercamp fir all Scouten, Explorer a Rover aus den 30 Gruppe vun der FNEL, déi et zu Lëtzebuerg ginn.

Dës Kéier ass d'Wiel op Schweden gefall an de Camp konnt, nodeems e puer mol verréckelt ginn ass, elo endlech Realitéit ginn. 1.800 Kilometer a 24 Stonne mam Bus méi spéit, sinn déi 600 Jonk - an déi puer manner Jonk - vun 11 Joer bis 21 Joer op dëser internationaler Campplaz gelant.

Direkt ass et lassgaange mam Opriichten - Zelter, Konstruktiounen, Kiche sinn an Teamaarbecht a Rekordzäit opgeriicht ginn, éier et op déi grouss Ouvertures-Veillée gaangen ass, wou et mat der Camp-Geschicht lassgoung: An enger mystescher nordescher Atmosphär sinn de Scouten d'Nordliichter geklaut ginn, déi se lo wärend den Aktivitéiten um Camp mussen zeréckfannen.

Iwwer Rafting, Klamme goen, e puer Chantiers Nature op der Campplaz, Visitten an de Stied Karlstad an Örebro oder nach engem richtege Viking Dinner war déi éischt puer Deeg, genuch fir eis Scouten ze dinn. Dobäi kommen nach Visitte vun enger Schwämm, enger Beaver-Safari, enger Karaoke Night mat all de Klassiker vun ABBA, Kayaken op de schwedesche Séien an der Géigend bis hin zu de klassesche grousse Scoutsaktivitéite wéi Hiken an am Biwak schlofen, dem Grand-Jeu, enger grousser Kiermes a soss Spill a Spaass um Camp!

Ëm déi 60 Staff-Membere këmmere sech dagdeeglech drëms, datt alles e roude Fuedem huet a gutt organiséiert ass, fir datt jiddereen de gréisstméigleche Spaass an engem sécheren Ëmfeld kann hunn. Dat ka bei 600 Leit duerchaus eng Erausfuerderung sinn, mee keng déi d'Scouten net zesumme kënne léisen.

Eng Woch Camp bléift de Scoute vun der FNEL nach a Schweden bis et rëm zréck op Lëtzebuerg geet, bis dohin heescht et: Profitéieren, nei Kolleege kenneléieren, nei Erfarunge sammelen an einfach eng gutt Zäit matenee verbréngen.