D’Luxembourg Culinary Catering Team start fir eist Land op dem Villeroy&Boch Culinary World Cup.

75 Ekippe fanne vum 26. bis 30. November an der LuxExpo The Box zesummen an trieden a verschiddene Kategorië géinteneen un. D’Lëtzebuerger Ekipp start an der Kategorie "Community Catering", dat heescht der Kategorie vun de Kantinskäch. Ënnert de 14 Konkurrente sinn och d'Käch vun der franséischer a Schwäizer Arméi an der däitscher Bundeswehr. E Reglement gëtt vir, u wat d'Ekippe sech alles mussen halen a wat vun der Jury bewäert gëtt. 5 Käch musse bannent 5 Stonnen e Menü fir 120 Leit kachen. Di meeschte Punkte vergëtt d'Jury fir de Goût, mee et ginn och d’Anhale vun den Hygiènesreegelen an d’Vermeide vu Liewensmëttelverschwendung bewäert.

Zënter 2 Joer bereet sech déi Lëtzebuerger Nationalekipp drop vir. Op dëser Kachweltmeeschterschaft musse si e Menü kachen, bei dem se déi Lëtzebuerger Gastronomie an de Virdergrond stellen. Dofir hu si Rezepter entwéckelt a Sponsore fir Liewensmëttel gesicht. Eng vun de Virgaben ass, dass de Menü pro Persoun net méi wéi 5 Euro däerf kaschten. Dofir ass all Liewensmëttel, wat ee gratis vun engem Sponsor kritt, vu grousser Bedeitung.

Als Visiteur vun der Expogast ass et méiglech, de Käch wärend hire Preparatiounen nozekucken an och ze schmaachen. Momentan ginn et nach Tickete fir an der Mëttesstonn d'Menüe vun den Ekippen aus der Kategorie "Community Catering" z'iessen.