Zanter iwwer engem Joer gesitt Dir reegelméisseg op RTL Tëlee Lëtzebuerg d'Serie "Wou deet et wéi?".

Eng Opklärungs-Campagne zesumme mat den Hopitaux Robert Schumann, déi de medezinesche Fortschrëtt en Valeur setzt. Elo no zwou Staffele gëtt et eng Ausstellung ronderëm dës Instrumenter, déi um Dënschdeg Nomëtteg an der Belle Etoile opgaangen ass.

An nieft der spannender Expo ronderëm Praktiken an d'Geschier, mat deem fréier Doktere geschafft an operéiert hunn, kënnt elo och e Buch zur Serie eraus. Hei kann een déi faszinant Geschicht ronderëm dës Instrumenter noliesen, déi engem gären awer och mol d’Héngerhaut ausgoe léisst. Do ass een da méi wei erliichtert iwwert de Progrès an den ënnerschiddleche Fachberäicher.

Vum 15. bis den 22. November ass d'Ausstellung nach ze gesinn, an op RTL-Play kënnt der och nach emol all d'Episoden am Video kucken oder als Podcast lauschteren.