Bei der berüümtster Wäin-Auktioun vun der Welt am Hospice vum franséische Beaune, ass e Sonndeg e Rekord-Resultat realiséiert ginn.

Alles an allem sinn iwwer 29 Milliounen Euro fir Bourgogne-Wäiner beienee komm. Dat ass méi wéi duebel souvill, wéi den ale Rekord vun 2018.

D’Majoritéit vum Erléis gëtt all Joers un de gudden Zweck gespent. Dëst Joer sinn et zwou Kanner-Hëllefs-Organisatiounen.

Am meeschten abruecht huet e gefëllten 228-Liter-Faass vun engem lokale Wënzer, fir 810.000€.