Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm "Rezepter aus der Bauerekichen", d'Expogast an de "faarwege" Concert Synästhesia zu Diddeleng op der Schmelz.

D'Berthe Elsen-Melkert kënnt aus dem Bauerewiesen. 10 Joer sinn et hier, dass si dat éischt Kachbuch "Kache wéi fréier" geschriwwen huet, dat 2016 an d'Vente koum. De Succès war immens grouss a well dee Moment aus 7 Länner d'Demande fir sou e Buch do war, gouf en internationaalt Buch ausgeschafft, zesumme mat Éisträich, der Belsch, Frankräich, Italien, Däitschland an der Schwäiz. Fir hiert drëtt Kachbuch huet d'Berthe bei hire Facebook-Frënn ugeklappt an erauskoum "Rezepter aus der Bauerekichen" mat 116 einfache Rezepter ouni Chimie a Konservéierungsstoffer.

De Luc Pauly vum Vatel-Club versprécht eis déi bescht Mäifelcher vun e Samschdeg bis e Mëttwoch an der LuxExpo op der Expogast. Jiddereen, dee wëll kann de 400 Participanten aus 55 Länner an 12 Profikichen iwwer d'Schëller luussen. Bei der Weltmeeschterschaft vun de Käch gëtt all véier Joer déi bescht Ekipp gesicht, déi en Jury iwwerzeege kann. Eng éischte Kéier beim "Culinary World Cup" sinn dës Kéier Spëtzekäch aus Australien, Japan, Armenien a Frankräich vertrueden. www.expogast.lu

De Filmkënschtler Emile V. Schlesser an den Jazz-Trio Reis-Demuth-Wiltgen verzauberen een dëse Weekend zu Diddeleng mat Téin an Faarwen. Déi 3 Deeg erwaart een e Mix aus Concert, Konschtinstallatioun a Filmprojektioun. "Synästhesia" ass e Spektakel, deen een esou nach net gesinn huet. Eng 360-Grad Filmprojektioun a matzendran déi virtuos Musek vun den dräi renomméierte Jazzmuseker. Et gesäit een dat, wat een héiert, an héiert dat, wat ee gesäit www.opderschmelz.lu