En Donneschdeg de Moien huet den Haff éischt Detailer zu der Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra bekannt ginn.

Déi eenzeg Duechter vum Grand-Duc Henri a senger Fra Maria-Teresa wäert hire Partner Nicolas Bagory den 22. Abrëll op der Gemeng an der Stad Lëtzebuerg bestueden.

Déi kierchlech Hochzäit gëtt dann e puer Deeg méi spéit a Frankräich gefeiert, dat an der Kierch Saint Trophyme aus dem 18. Joerhonnert an der Gemeng vu Bormes-les–Mimosas op der Côte d'Azur. Den Datum ass hei fir den 29. Abrëll festgeluecht.

D'Koppel hat hir Verlobung Ufank November bekannt ginn. Den Nicolas Bagory ass an der Bretagne opgewuess a schafft am sozialen a kulturelle Beräich.

Schreiwes vun der Maison du Grand-Duc

Communiqué de presse
Service Presse et Communication
29 décembre 2022

Communication du Maréchal de la Cour

Le mariage civil de Son Altesse Royale la Princesse Alexandra avec Monsieur Nicolas Bagory aura lieu le 22 avril 2023, à la Mairie de la Ville de Luxembourg.

Le mariage religieux sera célébré le 29 avril 2023 en l’église Saint Trophyme de Bormes-les–Mimosas.