Klore Favorit bei de Meedercher, éischter gemëscht bei de Jongen
D'Lëtzebuerger setzen allgemeng bei de Meedercher, grad ewéi bei de Bouwen éischter op kuerz Virnimm.
An der Stad, zu Esch, zu Déifferdeng an zu Diddeleng stécht bei de Meedercher ganz kloer den Numm Emma eraus. Den Numm Mia oder Mila kënnt op Plaz zwee vun de véier Gemengen. Bei de Jongennimm gesäit dat éischter gemëscht aus. Allgemeng sinn et awer Nimm wéi Liam, Gabriel an Noah, déi erausstiechen.
Deemno geet den Trend vun de kuerzen Nimm zu Lëtzebuerg weider. Och den éischte Puppelche vum neie Joer zu Lëtzebuerg bleift mam Numm Liv dem Trend trei.
Dem Lëtzebuerger Gesetz no muss all neigebuerent Kand an der Gemeng ugemellt ginn, an där et gebuer gëtt. Well déi véier Maternitéen an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck sinn, ginn d'Kanner prinzipiell an dëse Gemengen ugemellt. Vue datt awer net all Kand an enger Maternité gebuer gëtt, ginn och vill Kanner an anere Gemengen agedroen.