De Luusshaff zu Schrondweiler bitt engem d'Méiglechkeet säi gréngen Daum ze challegen, andeem een en eegene Gaart uleet, sech austauscht an zesumme léiert.

E Virsaz fir d'neit Joer: en eegene Gaart uleeën? Wien huet net scho mol sengem gréngen Daum en Challenge gesat? Et kann ee vill falsch, ma awer och vill richteg maachen, wann ee weess, wéi et geet. A wéi flott wier et, wann een direkt e Gaart zesumme kéint deelen. D'Tania an de Gast hu sech dat och geduecht an op hirem Luusshaff trëfft sech mëttlerweil d'ganz Duerf an Ëmgéigend.

"D'Iddi ass komm. Meng Fra, déi sot: 'Mir hu scho laang näischt méi zesumme gemaach an ech hunn eis ugemellt an eng Permakultur-Formatioun.' A sou si mir zesummen dohinner gaangen an du war ech och direkt begeeschtert dovunner. A mir hunn eis Terrainen, déi fréier nëmme Gras waren – mir hunn 3,5 Hektar – déi hu mir dunn ëmgewandelt als Permakultur-Terrain. Dat heescht, mir hunn e Bongert uegluecht, mir hunn en Agroforstprojet ugeluecht, mir hunn 3 Weiren ugeluecht an eben de Gemeinschaftsgaart, deen dann dat Gesamtbild vun der Permakultur ergëtt", esou de Gast.

Zanter 3 Joer stinn d'Dieren am Gaart vum Gast a vum Tania op. Bannent kuerzer Zäit waren d'Hallschent vun den am ganzen 30 Parzelle besat. Elo si se all opgedeelt. Ganz dacks hu sech och 1-2 oder méi Famillen zesumme gedoen, fir sech ëm hiren Deel ze këmmeren. Ma der Koppel vu Schrondweiler ass et wichteg, dass een hei och eppes léieren kann. Dofir bidde si dat ganzt Joer iwwer déi verschiddensten Aktivitéiten a Workshops un, déi een der Natur nees méi nobrénge soll. A si hëllefen engem natierlech och weider, wann een net méi weider weess. De Gedanke vun der Permakultur ass et, dass ee mat der Natur schafft an net géint se. Well grad ëm dat geet et hinnen, ëm "Zesumme sinn". A sou d'Gemeinschaft um Liewen ze erhalen. Fir de Gast an d'Tania, deenen den Haff zanter 30 Joer gehéiert, ass dat heiten en Häerzensprojet, ganz nom Motto: "Mäin Doheem ass och däin Doheem".

Fannt all d'Episode vun der Serie "Den Noperschaftstreff" op RTL Play.