Gutt zwou Wochen nom Doud vun der Lisa Marie Presley, eenzeg Duechter vun der Rock'n'Roll-Legend Elvis Presley, ass hir Mamm viru Geriicht gezunn.

De Grond: et gëtt Kaméidi wéinst dem Testament. D'Priscilla Presley wëll erreechen, dass d'Sträiche vun hirem Numm am Testament als "net valabel" erkläert gëtt.

Aus den entspriechende Geriichtsdokumenter, déi si selwer en Dënschdeg publizéiert hat, geet ervir, dass d'Lisa Marie 2010 hir Mamm als eng vun de Verwalterinne vun hirem immense Verméigen agedroen hat. Dëst sollt zu Liefzäite wéi och am Fall vun hirem Doud gëllen. 2016 huet d'Lisa Marie hir Meenung wéi et schéngt awer geännert an huet verfüügt, dass am Fall vun hirem Doud hir Kanner Riley a Benjamin Keough d'Ierwen untriede sollen.

Dës Ännerung huet d'Priscilla Presley awer réischt nom Doud vun hirer Duechter rausfonnt, sou hiren Affekot. D'Elvis-Wittfra huet elo viru Geriicht ugefrot, dass dës "presuméiert Zousazerklärung" fir net valabel soll deklaréiert ginn. Zur Begrënnung huet si dem Geriicht ënner anerem uginn, dass d'Ënnerschrëft vun hirer Duechter um Dokument net hirer eigentlecher Ënnerschrëft z'entsprieche schéngt.

D'Lisa Marie Presley ass den 12. Januar onerwaart verscheet. Si war dat eenzegt Kand vun der Musekslegend Elvis Presley. Si hat en Häerzstëllstand.