Hei schlofe Spëtzesportler, Staatscheffen a Superstaren
Am Reportage erziele mir d'Geschicht vun de luxuriéisen Hoteller Royal a Cravat an treffe Mataarbechter, déi zanter Joren an den Etablissementer schaffen.
Den Hotel Royal huet am Juni 1984 seng Dieren um Boulevard mam selwechten Numm opgemaach an ass ee vun de luxuriéisten Hoteller aus dem Land. D'Gebai sollt uganks och zwee Stäck méi héich sinn, ma d’Nopere krute mat Hëllef vun enger Petitioun Recht a sou huet ee kuerzfristeg déi ganz Pläng missen ëmänneren. 210 Kummeren, 9 Seminär-Raim an eng Schwämm huet een am 5-Stären Hotel an uewen um leschte Stack ass d’Suite Royale. Dat ass déi Plaz, wou sämtlech Prominenter schlofen, wann se de Grand-Duché besichen. Ma wat fir Ufuerderungen hunn dann iwwerhaapt d’Weltstaren, wann se am Hotel anchecken a wéi erlieft d’Personal dësen exklusiven Alldag?
D’Célia schafft schonn iwwer 20 Joer am Hotel Royal a këmmert sech Moies ëm de Kaffi. Sie erënnert sech nach ganz gutt, wou déi portugisesch Futtball-Nationalekipp am Hotel geschlof huet a si d’Telefonsnummer vun engem Spiller krut. Dësen hat nämlech säin Handy verluer an se huet dunn d’Nummer gefrot, fir op den Handy unzeruffen. En aneren Hotel aus der Stad ass den Hotel Cravat vis-à-vis vun der Gëlle Fra. Et waren dem Carlo Cravat seng Urgrousselteren, déi mam Familjebetrieb ugefaangen hunn a sou ass hien dann och am Hotel grouss ginn. Schonn als Kand souz en an der Lobby an huet do mat senge Kolleegen Tëlee gekuckt a war ëmmer frou, d’Gäscht a sengem Haus kënnen z'empfänken. Well vu Kand un lieft hien um leschte Stack vum Hotel an engem Penthouse a krit do Moies säi Kaffi zerwéiert. De Betim ass Chef-Concierge a schafft och schonn zanter iwwer 20 Joer am Hotel Cravat. Hien huet schonn sou munches erlieft an och vill prominent Gesiichter gesinn. Sief dat e Sarcozy, deen agecheckt huet oder déi brittesch Band Kaiser Chiefs.
Am Hotel Cravat huet awer och schonn 1970 de Kinnek vum Nepal geschlof a wou d’Queen 1976 de Grand-Duché besicht huet, huet déi brittesch Delegatioun mam Premierminister am Hotel iwwernuecht.