Déi finnesch Premierministesch kéint sech virstellen, mam Xavier Bettel Party ze maachen, dat sot se op d'mannst viru kuerzem an engem Interview.

Am November 2022 war d’Sanna Marin an Neiséiland an an Australien op offizieller Visitt, do gouf Si vu Journaliste gefrot, mat wéi engem Politiker se géif feiere, wa se et kéint auswielen

Do sot Si: "De Xavier Bettel".

Dat war och Thema op der offizieller Pressekonferenz, nodeems d’Finnin de Lëtzebuerger Premier getraff huet. De Xavier Bettel wier e gudde Kolleeg an e Freideg de Mëtteg sot se: ech denken, mir deelen en änleche Museksstil.

Op der Pressekonferenz huet e Journalist gefrot, ob Si dann och haut géife feiere goen. Ma et géif keng esou Pläng ginn.

Sanna Marin
"Party steet net um Programm"

D’Diskussioun huet awer och en eeschten Hannergrond. Déi finnesch Premierministesch stoung am Summer an der Kritik, well Videoe vun enger Privatparty verëffentlecht goufen. An och an de soziale Medie Fotoen opgedaucht sinn, wou se privat ënnerwee war, wéi beispillsweis op engem finnesche Museksfestival.

Kritiker hunn hir virgeworf, hire Flichten als Ministerpresidentin net méi nozekommen. An der Suite huet Si souguer een Drogentest gemaach. Zu Lëtzebuerg ass Si haut dorop agaangen a sot, se géif verstoen, datt et zu Diskussioune géif feieren, wann eng nei Generatioun vu Politiker op ënnerschiddleche Positiounen aktiv ginn. Fir Si wier et inspiréierend gewiescht, datt se och Zoustëmmung krut. De Xavier Bettel wier och e Beispill fir dës Zort Politiker. Obwuel hie Premier gi wier, hätt hie seng Perséinlechkeet net geännert.

Sanna Marin
"Och Politiker si Mënschen"

Zum Schluss sot de Xavier Bettel, wann e Mann dat gemaach hätt, géif ee guer net driwwer schwätzen.