Sanna Marin: "Esou séier wéi méiglech an d’NATO"
Wéi si 2019 finnesch Premierministesch gouf, war si déi jéngst Regierungscheffin weltwäit. E Freideg war d'Sanna Marin op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
An de Gespréicher mat hirem Homolog Xavier Bettel hunn déi grouss international Froen dominéiert: de Krich an der Ukrain, d'Relatioun tëscht Finnland a sengem Noper Russland, an natierlech déi finnesch-schwedesch Duebelkandidatur fir Member an der NATO ze ginn. Trotz dësem éischter méi seriöen Ordre du jour, war d'Ambiance beim Aarbechtstreffe ganz labber. Hei si sech der zwee begéint, déi net nëmme gutt zesummeschaffen, mä sech och privat gutt verstinn.
De Xavier Bettel huet déi gutt Relatioune tëschent béide Länner ënnerstrach. Virun allem am Beräich vun Ëmwelt- an Energietechnologie wéilt een an Zukunft nach méi enk zesummeschaffen.
Lëtzebuerg huet d'NATO-Kandidatur vu Finnland a Schweden scho ratifizéiert. Mä d'Tierkei blockéiert am Moment virun allem déi schwedesch Kandidatur. Fir d'Sozialdemokratin ass et keng Alternativ, d'Allianz mat Schweden opzeginn, fir selwer méi séier an d'NATO ze kommen: "Mir mussen dofir suergen, dass Finnland a Schweden esou séier wéi méiglech NATO-Member ginn. Et ass a jiddwerengem sengem Interêt, dass mir zesummen antrieden, well mir liewen allebéid an der selwechter geopolitescher Ambiance, an där selwechter Sécherheetssituatioun."
Zwou Woche virum éischten Joresdag vun der russescher Invasioun an der Ukrain, fuerdert déi finnesch Regierungscheffin méi Waffe fir d'Ukrain, Militärfligeren inclus: "Mir mussen dofir suergen, dass et keen zweete Joresdag vun dësem Krich gëtt. Dofir musse mir der Ukrain elo hëllefen, an hinnen dat schécken, wat se brauchen. Elo direkt."
Et war déi éischten a vläicht och déi leschten Aarbechtsvisitt vun der Sanna Marin zu Lëtzebuerg. Well Ufanks Abrëll gëtt a Finnland gewielt, an d'Sondage schwätzen am Moment éischter géint eng zweeten Mandatsperiod.