Nieft Mallorca sinn och d'Kanaren eng beléiften Destinatioun, an dat zu all Joreszäit. Marokko fënnt och Uklang.

Déi ganz Fliger-Flott vun der Luxair ass dëse Weekend am Asaz fir d'Passagéier op hir respektiv Destinatiounen ze fléien. Par rapport zum leschte Joer géif et an dëser Fuesvakanz eng Augmentatioun vu 25 Prozent bei de Passagéierzuele ginn.  Mat der Wantersaison si se bei der nationaler Fluchgesellschaft den Ament méi ewéi zefridden. Nom 31. Mäerz fänkt d'Summersaison un.

Eng grouss Belaaschtung fir d'Fluchgesellschafte wär de Präis vum Kerosin. Bei der nationaler Fluchgesellschaft wéilt een dës Präishausse natierlech net eent zu eent un d'Cliente weiderginn. Dowéinst wier et de Rot un d'Leit, sou séier wei méiglech d'Vakanz ze buchen.

Bei der Luxair kann een op 21 Fliger zréckgräifen.