Wäin
De Raimonds Tomsons ass de beschte Sommelier vun der Welt

Vill Leit soe jo vu sech selwer, eppes vu Wäin ze verstoen. Abee, de Raimonds Tomsons aus Lettland, dee kann dat elo offiziell vu sech soen.
Hie gouf e Sonndeg den Owend zu Paräis nämlech zum beschte Sommelier vun der Welt gewielt.
Dofir gouf et e spezielle Concours, mat ënnert anerem Wäi blann erkennen oder Feeler a Präislëschte fannen.
D’Nina Jensen aus Dänemark gouf iwwerdeems dat Zweet, genee wéi bei der leschter Editioun 2020.
Am meeschte gelies