Gedroe Slippen am Internet verkafen oder léiwer Zeitungen ausdeelen?
Et gi vill Méiglechkeeten, sech e puer Sue niewelaanscht ze verdéngen. Déi eng gi Babysitten, déi aner gräifen op méi aussergewéinlech Methoden zeréck.
Ëmmer rëm héiert ee Geschichten aus aller Welt, dass Leit mat deenen onméiglechste Saache Sue verdéngen a sech domat souguer eng gëlle Nues verdéngt hunn.
Post vum Santa
De Bryan Reese zum Beispill huet sech eng Adress vum Nordpol besuergt, eng richteg Stad an Alaska, an d’Internetsäit SantaMail.org an d’Liewe geruff. Hei konnten d’Elteren dofir bezuelen, dass hir Kanner e personaliséierte Bréif vum Santa Claus kréien. Um Bréif war dann en Timber an e Stempel vum Nordpol. Heimat huet den Amerikaner Millioune vun Dollar verdéngt.
Dat perfekt Hausdéier
Och déi nächst Story kënnt aus den USA. De Gary Dahl ass Millionär ginn, andeems hie Steng verkaf huet. Hien hat awer keng Baufirma, mee huet de Steen als dat perfekt Hausdéier vermaart. En Hausdéier wat kee Dreck mécht, net muss gefiddert ginn an net vill kascht. Also e Stee fir knapp 4 Dollar d’Stéck. Heiansdo muss een also net wäit sichen, fir seng 1-Millioun-Dollar-Iddi ze fannen.
1.500 Euro fir Buedwaasser?
D’Rapperin Ruby Nikara huet am Internet Glieser mat sengem Buedwaasser verkaf. Dat fir op d'mannst 1.500 Euro pro Glas. Dobäi verkeeft déi 21 Joer al Fra och nach Ënnerwäsch, déi et e puer Stonne un hat. Heivir muss de Keefer 100 Euro op den Dësch leeën. "An déi gi fort wéi waarm Gromperen", sou Ruby Nikara an engem Interview.
Net onbedéngt Milliounen, mee e gutt Täschegeld
Mä net all Business mécht een zum Millionär. Heiansdo geet et och just drëms, sech e puer Suen dobäizeverdéngen. Déi eng maachen dat, an deem se Prospekter oder Zeitungen ausdeelen. Beléift ass och Babysitten, Dogwalken oder Nohëllef ginn. Wien et da léiwer onkonventionell wëll, fir deen huet den Internet vill Virdeeler. Am World Wide Web kann een nämlech mat sou munchem Sue verdéngen.
Aktien oder Kryptowärunge kafen a verkafen, dat ass scho bal normal. Da gëtt et op verschiddene Portaler nach d’Méiglechkeet, fir fir Suen un Ëmfroen deelzehuelen oder Produiten ze testen. Eng Partie Leit versichen hiert Gléck och mat engem Account an de soziale Medien, wou si mat Klicks an Influencer Marketing Geld maachen. Da kann een nach limitéiert Kleedungsstécker kafen a verkafen oder Schoulaarbechten, wéi eng Bacheloraarbecht, fir eng friem Persoun schreiwen an puer Schäiner asäckelen. Eng aner Iddi ass et, Fotoen a Videoen ze verkafen. Vun de pornografesche Plattforme ganz ofgesinn, ginn et riseg Datebanken, wou ee ganz neutral Fotoen eropluede kann a bezuelt gëtt, wann een aneren d’Foto keeft.
Bleiwe mer bei de Fotoen. Sou gëtt et zum Beispill d’Méiglechkeet, Fotoe vu senge Féiss am Internet ze verkafen. Déi nächst Stuf heivun, an déi gëtt däitlech besser bezuelt, ass et, fir Strëmp oder Ënnerwäsch unzedoen an déi dono dem dem Client ze verkafen an ze verschécken. Pro Affär gëtt et op munche Plattformen heivir méi wéi 30 Euro.
Hutt Dir en aussergewéinlechen Nieweverdéngscht?
Elo sidd Dir un der Rei. Hutt Dir en onkonventionelle Wee, e puer Suen niewebäi ze verdéngen, oder maacht et mëttlerweil souguer haaptberufflech? Da mëllt Iech bei eis an deelt Är Geschicht. Hannerloosst Är Donnéeën a mir kontaktéieren Iech.