Op der Juegd no Koméiten, Galaxien a Planéiten
Wann de Manuel d'Lut auskuckt, gesäit hie méi wéi just de grousse Won an de Polarstär. Säin Hobby ass d'Astrofotografie, säi Geschier e Reflekter-Teleskop.
Et ass en Hobby, fir deen een Zäit brauch, well eng Foto scho mol bis 30 Stonne laang iwwer e puer Nuechte beliicht ka ginn. De Manuel Huss benotzt dofir een 304/2432 mm Reflekter-Teleskop, deen net no engem berüümte Wëssenschaftler benannt ass, esou wéi Hubbel oder James Web. Wann ee vu Suessem aus dem Gaart Fotoe mécht brauch een dat net, wat een virun allem brauch ass Zäit. Am léifsten ass et de Mound, deen de Manuel viru seng Lëns hëlt. Awer och esou munch Niwwel oder Galaxien, déi scho Liichtjore wäit ewech sinn, huet hien am Bild agefaangen. D'Resultat steet deene vun de Profie mat de risege Spigelen an näischt no.
Och den C2022 E3 ZTF wollt e viru seng Lëns kréien. Dat ass den Numm vun deem Himmelskierper, dee viru Kuerzem eiser Äerd méi no komm ass. Zanter dem 2. Mäerz 2022 ass dëse Koup aus Steen an Äis bekannt, virdrun hat nach keen en entdeckt. Wat normal ass, well d'Parabel, déi de Koméit ronderëm d'Sonn dréit, mécht, dass en nëmmen all 50.000 Joer eisem Planéit méi no kënnt. Um nooste Punkt, deen den 1. Februar 2023 war, ass e knapp 40 Millioune Kilometer no laanscht eis Äerd gejauft. Elo ass e rëm um Wee vun eis fort an ass op der gréisster Distanz no e puer 10.000 Jore bis zu 420 Milliarde Kilometer vun eiser Äerd ewech.
Fir d’Astrofotografie muss ee gedëlleg sinn an d'Wieder am Bléck hunn, et waart een op déi perfekten Nuecht. Dann ass den Himmel kloer, et dierf keng Loft sinn an d'Atmosphär muss roueg sinn. Och d'Pollutioun vun der Luucht suergt fir Problemer. Mat Hëllef vu Filtere kritt een dës zum deel korrigéiert, allerdéngs ass et méi einfach, wann een op deene Plazen d'Luucht aus kuckt, wou net vill Luucht ass. Dem Manuel säin Teleskop vergréissert op enorm Distanzen an all kleng Vibratioun mécht, dass d’Foto duerno onschaarf ass. D’Spigele vum Teleskop sinn op ee Motor montéiert, dëse beweegt sech a kann esou genau ee Punkt um Himmel fixéieren oder wéi am Fall vum Koméit dësen och iwwert den Nuetshimmel suivéieren.
Jee no Technik kann eng Opnam sech iwwer Stonnen an Nuechten zéien. Wann een Niwwel oder eng Galaxie, déi Milliarde vu Liichtjore wäit ewech soll ofgeliicht ginn. Da schafft de Manuel mat verschiddene Filteren, déi déi eenzel Wellelängte vun der schwaacher Luucht afänken. Nodeem de Prozess vun der Opnam gemaach ass an eng etlech Gigabyte u Material erstallt goufen, ginn dës a Stonnelaanger Aarbecht um Computer zesummegesat.
Wann de Manuel ee Planéit wëll knipsen, dann ass Technik eng aner, an och den Teleskop. Dëser huet de Manuel an tëschent eng Jet, et ass een Hobby deen hien als ugangs schwéier an och net grad bëlleg beschreift. Op senger Facebook-Säit d'Luucht aus, kann een seng Wierker bewonneren.
D'Foto vum Koméit C2022 E3 ZTF ass gelongen, allerdéngs gefält se dem Manuel net esou richteg.
"Also ech si mat der Foto zefridden, ech sinn en Koméit net ganz zefridden. En ass einfach manner liicht Stagen ass méi kleng wéi deen anere gewiescht. Dat heescht et ass einfach, ët gëtt keng esou eng schéi Foto well en einfach vu sengen Natur aus manner spektakulär ass".
Den Neowise, deen (C/2020 F3), ass am Joer 2020 um Firmament opgetaucht an huet dem Manuel no ee bessert Motiv ofginn.
"Ech sinn trotzdeem frou datt ech d'Foto gemaach hunn well de Koméit kënnt jo just all fofzegdausend Joer eng Kéier laanscht an ech hunn zwar eng gewëssen Ausdauer a Gedold, déi e bei deem Hobby och muss hunn, mee fofzegdausend Joer mengen ech packen ech nët, ech si frou datt ech se elo gemaach hunn".
D’Kréinung ënnert den Astrophotografen ass vun der NASA an "d'Astronomy Picture of the Day" opgeholl ze ginn. Dofir brauch et allerdéngs schonn eppes Aussergewéinleches, wéi de Fliger dee grad an deem Perfekte Moment virun der Lëns laanscht de Bluttmound flitt. Och wann esou eng Foto nach net derbäi war, ass et dach spektakulär, ze kucken dass ee Saache ka gesinn, déi Milliounen a Milliarde vu Kilometer wäit ewech sinn an dat vun doheem aus dem Gaart zu Suessem.