D'Prinzessin Alexandra, eenzegt Meedche vun der Groussherzoglecher Koppel, gëtt de 16. Februar dëst Joer 32 Joer al.

D'Prinzessin Alexandra, Joséphine, Teresa, Charlotte Marie, Wilhelmine, Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parme koum 1991 an der Maternité "Grande-Duchesse Charlotte" op d'Welt.

Dat 4. Kand an eenzeg Duechter vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg huet am November d'lescht Joer hir Verlobung mam Nicolas Bagory bekannt ginn. Bestuet gëtt d'Prinzessin Alexandra den 22. Abrëll 2023 op der Gemeng an der Stad Lëtzebuerg. Déi kierchlech Hochzäit gëtt e puer Deeg méi spéit a Frankräich an der Kierch Saint Trophyme op der Côte d'Azur gefeiert.

Mir wënschen der Prinzessin all Guddes fir hire Gebuertsdag.

Schreiwes vum Haff

Anniversaire de Son Altesse Royale la Princesse Alexandra

Son Altesse Royale la Princesse Alexandra, née à Luxembourg le 16 février 1991, célébrera ses 32 ans ce jeudi.

La Princesse est le 4e enfant et l’unique fille de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg.