Deen een oder aneren huet vläicht scho Blummen a Schockela beim Kaffi kritt, anerer waarde méiglecherweis nach op eng kleng Opmierksamkeet vum Partner.

Op Vältesdag ass et jo fir vill Leit Usus, datt ee sech eppes schenkt an d'Offer ass grouss.

Déi meescht Geschäftsleit hu sech preparéiert.

Zum Beispill d'Fleuristen.

Fir si ass et e gudden Dag, quitte datt ee Vältesdag net ka mat Mammendag oder Chrëschtdag vergläichen, seet d'Stéphanie Achain. Dat wat d'Fleuristin nach ëmmer fir d'Fest vun der Léift am meeschte verkeeft, si rout Rousen, si huet awer och Alternativen.

"Mir hunn an Tëschenzäit och vill Fréijoersbouqueten, stabiliséiert Rousen, dréche Bouqueten. Et ass scho bësse méi Vilfalt dran."

E beléifte Kaddo, op engem Dag wéi haut, ass natierlech och Schockela. Och als Chocolatier mécht ee sech Gedanke wat een de Clienten fir Vältesdag kann ubidden. Och wann et fir Leit net wierklech de groussen Hype ass, seet d'Lola Valerius.

"Fir d'Leit ass et vill en Dag wéi en aneren och. Fir eis ass et awer en extraen Dag. Mir wëllen de Leit eppes ubidden, wat se hire Léifsten oder Frënn kënne schenken, fir ze weisen, datt trotzdeem en Extraen Dag ass an awer u si geduecht gëtt."

Effektiv gëtt et Leit, déi op Vältesdag net just un hire Partner denken, wéi eis dëse Mann confirméiert.

"Ech fanne Vältesdag ass net just eppes fir Verléiftener, mä och en Dag fir u seng Kolleegen oder seng gutt Leit ze denken."

Natierlech kann een och u si denken a mat hinnen an de Restaurant goen.