De Grënner vu Virgin Records ass fir seng exzentresch Aktioune bekannt. Esou ass hien zum Beispill mat engem Ballon iwwert den Atlantik geflunn.

Ma de Milliardär ass och e grousse Fan vun der Insel Mallorca, wou am Summer säi Luxushotel Son Bunyol soll opgoen. Ma genee fir dësen Hotel an der Géigend vu Banyalbufar sicht de Millardär elo nach ronn 50 Mataarbechter. Dat mécht hien awer net mat enger klassescher Annonce, mä iwwer e Video an deem hie sech perséinlech u potentiell Kandidate riicht. Dëse gouf vun der Aarbechtsagence "Palma Activia" an de sozialen Netzwierker verbreet.

Am Video erkläert de Branson, dass hien op der Sich no aussergewéinlech gudde Mataarbechter wier, déi hir "eege Magie an den Hotel mat afléisse loossen".