Net nëmme Spezialiste sinn hautzedaags op Toureschi ënnerwee
An der Schivakanz gesäit een ëmmer méi Leit, déi mat hire Schi laanscht de Bord vu der Pist trëppelen.
Zu der Zäit ass de Jacques Lanners oft schonns nees um Heemwee. Zanter 20 Joer lieft de sportbegeeschterten Zänndokter mëttlerweil zu Crans-Montana. D’Bierger an Toureschi si seng grouss Leidenschaft. Dacks ass de Jacques Lanners och mat dem Séverine Pont Combe ënnerwee. D’Doubel-Weltmeeschterin vun 2008 huet mat hirem Mann an der Ënnerstëtzung vu Crans-Montana ee Randoparc mat 15 verschiddene Spueren ugeluecht, datt d’Leit hir Sportaart kënnen an engem securiséierten Ëmfeld entdecken.
Dës Disziplin fënnt trotz alle Geforen ëmmer méi passionéiert Unhänger. Vu Frühsport, iwwert Naturerliefnis mat de Kolleegen, Kompetitioun oder och héichalpin Expeditioun fënnt jidderee hei säin Niveau a seng Erausfuerderung. Grad wéi wärend der Pandemie d’Lifter zou waren an och duerno mat de ville Restriktioune si ganz vill Leit fir sech op Toureschi an d'Bierger gaangen. Elo mat der Klimakris a mat der Energiekris wëlle vill hire Schisport méi nohalteg a méi no un der Natur maachen.