Déi beléiftste Pizza bei eise Lieser ass definitiv déi méi schaarf Variant vun der normaler Salami-Pizza, nämlech d'"Diavola".

Mir hunn Iech gefrot, wat är absolut Liblingspizza ass. Bal 1.800 Leit hu bei eiser Ëmfro matgemaach, an hei koumen souwuel Klassiker wéi och méi ausgefale Pizzaen eran.

Fir dat Ganzt e wéineg méi iwwersiichtlech ze maachen, hu mir eng Top 7 erstallt, déi een och an der Grafik am Bild kann erkennen. (D'Prozenter representéieren den Undeel vun der jeeweileger Pizza par Rapport zu de 7 meeschtgewielte Pizzaen.)

Op der Plaz 7 kënnt d'Pizza Tonno, also eng Pizza mat Thon. Bëssi iwwer 8% vun de Leit géife sech dës Pizza direkt bei hirer Pizzeria bestellen.

D'Pizza Prosciutto & Funghi, also eng Pizza mat Ham a Champignonen, kënnt mat 9,41% op déi 6. Plaz.

D'Plaz 5 geet un d'Pizza fir alleguerten d'Fans vu vill Kéis, wou also déi normal Portioun Mozzarella-Kéis bei Wäitem net duer geet. Rieds geet natierlech vun der Pizza 4 Fromage. Hei sinn, wéi den Numm et seet, 4 Zorte Kéis drop, meeschtens kënnt Mozzarella a Gorgonzola fix op sou eng Pizza, ma hei ass d'Wiel vum Kéis awer dem Pizzabäcker oder dem Client iwwerlooss. 9,52% vun de Leit sinn am Team "Kéis".

Op der Plaz 4 dann kënnt déi wuel einfachsten an traditionellste vun de Pizzaen, verschidde Leit behaapten, et wier einfach déi eenzeg richteg Pizza. Rieds geet natierlech vun der Pizza Margherita, respektiv déi liicht verännert Form, d'Pizza Napoletana, déi spezifesch an der Regioun ëm Napoli zerwéiert gëtt. Den Deeg, d'Tomatenzooss an de Kéis sinn hei d'Staren a sti fir dat, wat eng Pizza am klassesche Sënn ausmécht. 16,04% vun de Befroten gesinn dëst och sou.

Da kéime mer och schonn bei eis Top 3, ugefaange mat der Pizza Salami. Och dat ass en absolutte Klassiker ënnert de Pizzaen a kënnt wuel ville Leit an de Kapp, wann se un eng Pizza denken. Virun allem bei Kanner ass dëst eng allzäit beléifte Pizza-Variant an ass virun allem bei eisen däitschen Noperen de Spëtzereider ënnert de Pizzaen. Bei eiser Ëmfro kënnt d'Salami-Pizza mat 16,47% op eng gutt 3. Plaz.

Op der 2. Plaz steet definitiv déi ëmstriddensten vun alle Pizzaen, déi ee praktesch an all Pizzeria kritt. Et ass d'Enfant terrible vun de Pizzaen... Déi eng haassen se op den Dout a schwätze souguer deelweis vu Kätzerei, fir anerer ass et déi perfekte Mëschung aus dem Gout vun der Pizza an enger séisser Komponent, der Ananas. Eben déi perfekte Pizza... Et handelt sech hei natierlech ëm d'Sträitthema Nummer 1 um Familliendësch, d'Pizza Hawai. Mat 17,65% kënnt déi awer zimmlech iwwerraschend op déi 2. Plaz a beweist, dass Pizza trotz all de Kontroversen net méi ewechzedenken ass.

An op der éischter Plaz kënnt dann dach zimmlech kloer déi Pizza, déi virun allem zu Lëtzebuerg gär a vill consomméiert gëtt. Egal op a Kombinatioun mat engem Ee oder mat Knuewelek oder souguer 4 Kéiszorten... Keng Pizza ass esou beléift bei eiser Ëmfro gewiescht an esou dacks genannt ginn, wéi d'Pizza Diavola, déi méi schaarf Versioun vun der Pizza Salami. Op de Leit d'Salami ze langweileg ass oder et en anere Grond gëtt ass onkloer, ma d'Pizza Diavola schéngt an de Pizzeriaen am meeschte bestallt ginn. 22,89% vun de Leit hu sech fir dës Pizza decidéiert.