Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm d'Lafe géint de Kriibs, den Dëschtennis am Alter an iwwert Stand-up aus Frankräich.

De Pit van Rijswijck ass zu Éieren vu sengem Papp 7 Marathonen a 7 Deeg op 7 Kontinenter gelaf. Zesumme mam Tun van Rijswijck war hie sportlech vill ënnerwee, a wéi deen 2020 un engem aggressive Gehiertumor gestuerwen ass, hat hien him an d'Hand versprach un den Depart ze goen. Eng Erausfuerderung an der batterer Keelt an enormer Hëtzt déi Hiresgläiche sicht. Antarktis, Cape Town, Perth, Dubai, Madrid, Fortaleza a Miami waren en Challenge, wou de Pit sech am General als gudden Zweete klasséiert huet, a wou d'"Fondation Cancer" d'Suen déi gespent goufen, fir d'Fuerschung vun dëser Zort Tumor notze wëll. Hei de Link op de Site vu "Running against Cancer".

RTL

De Val Langehegerman ass mat 85 Joer zu Maskat am Oman Weltmeeschter am Dëschtennis ginn. Vir de rüstege Sportsmann vu Waasserbëlleg ass dat net aussergewéinlech. Schonn déi Zäit, wéi hien nach bei der Post geschafft huet, waren den Dëschtennis an d'Vëlofueren säin Ausgläich, an dat op héijem Niveau. 26 Mol stoung hien um Podium bei enger EM oder enger WM an 9 Kéieren ass hien als Éischte mat enger Medail Heem koum. 2004 war hie beispillsweis Ü65 Weltmeeschter zu Yokohama a Japan ginn. Säin nächst Ziel ass et fit ze si fir d'WM am Juni 2024 zu Roum.

RTL

De Josselin Dailly bréngt d'Laachmuskelen a ganz Frankräich zum vibréieren, a geschwënn och zu Déifferdeng. De Mann vu Nanzeg huet sech fir d'éischt un de Molière ginn. Mat 19 Joer huet en seng eegen Trupp L'Art-Mada gegrënnt a Spektakelen organiséiert. 2013 huet en seng éischt One Man Show "L'air de rien" op d'Bün bruecht a war als Virprogramm vum Anne Roumanoff z'erliewen. Zanter dass hie jonke Papp ass, muss hien all Dag souvill Froe beäntwerten, dass hien an Tëschenzäit en Expert op dësem Gebitt ass, a mat sengem neie Programm "Sapiens 2.0" wëll hien de 24. Februar och Déifferdeng un d'Laache kréien. Ticketen op www.stadhaus.lu oder www.luxembourg-ticket.lu

RTL