Wéi de Lëtzebuerger Schauspiller via d'sozial Medie matdeelt, ass de 15. Februar dat klengt Julie gesond a monter op d'Welt komm.

Et ass der Koppel hiert zweet Meedchen. Den 1. Oktober 2018 war et d'Gebuert vum Marie, dat dann elo eng kleng Schwëster kritt huet.