Deieren Accident: Visiteur zerstéiert Skulptur vum Kënschtler Jeff Koons

De Jeff Koons virun enge vu senge "Balloon Dogs", deen zu Marseille ausgestallt gouf. / © AFP/Nicolas TUCAT
Eng Sammlerin hat ongewollt eng kleng Figur vum Jeff Koons ëmgehäit, déi dobäi an dausend Stécker zersprongen ass. De Schuet läit bei 42.000 US-Dollar.
Bei der Figur handelt et sech ëm eng kleng blo Skulptur, déi aus dem Koons senger Serie "Balloon Dog" staamt. Passéiert et dëse Mëssel bei der VIP-Tour an der "Art Wynwood" zu Miami. Verschidde vun de Sammler, déi an deem Moment do waren, hunn esouguer gemengt, d'Mëssgeschéck selwer wier eng Performance oder e "Staged Stunt", also e geplangten Tëschefall.
"Ech hunn eng Fra gesinn, déi wittert d'Skulptur geklappt huet, an dunn ass déi vum Podest gefall an an dausend Stécker zerbrach" sot den Artist Stephen Gamson an engem Interview bei Fox News. Hien hat geduecht, d'Fra géif dogéint klappen, well se wollt erausfannen, ob de "Balloon Dog" och wierklech e Loftballon wier.
An engem Video, deen en anere Visiteur gemaach huet, wéi e Mataarbechter d'Schierbelen zesummegekiert huet, héiert een am Hannergrond eng Persoun soen: "Ech kann net gleewen, datt een dat ëmgehäit huet."
Vun offizieller Säit heescht et, datt d'Fra d'Skulptur guer net futti maache wollt an datt de Schued duerch eng Assurance gedeckt ass.
De Koons ass en amerikaneschen Moler a Skulpter, dee seng Inspiratioun aus dem alldeegleche Liewen hëlt, dorënner och Déieren a Ballonen. Seng Figuren aus der "Balloon Dog"-Rei sinn tëscht 30 Zentimeter an 3 Meter grouss an hu verschidde Faarwen.