Detailer zur Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra

© Maison du Grand-Duc
Wéi den Haff matdeelt, ass déi zivil Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra mam Nicolas Bagory den 22. Abrëll op der Stater Gemeng.
Datt sech d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory bestuede wäerten, ass scho méi laang gewosst. Ma elo huet de groussherzoglechen Haff Detailer bekannt ginn.
Déi zivil Hochzäit ass den 22. Abrëll op der Stater Gemeng. Um 15 Auer kann de Public d'Koppel an déi groussherzoglech Famill virun der Märei begréissen. Um 15.30 Auer ginn d'Prinzessin Alexandra an de Fransous Nicolas Bagory sech dann op der Gemeng d'Jo-Wuert. Um 16 Auer begréisst déi frësch bestuete Koppel dann nach eng Kéier de Public an um 18 Auer ass dann am Palais eng Receptioun fir d'Famillje vum Brautpuer, Vertrieder vun nationalen Autoritéiten a Frënn vun der Koppel.