Eng Lëtzebuerger Réischterei mécht hiren eegene "Specialty Coffee"
E mécht monter, suergt fir gutt Laun an eng besser Konzentratioun: de Kaffi. Kee Wonner, dass e fir vill Leit zum absolutte Liblingsgedrénks gehéiert.
Lëtzebuerg spillt och reegelméisseg ganz uewe mat, wann et ëm de Konsum vum Kaffi geet. Mä wéi gesond ass dat fir eis? A wat mécht e gudde Kaffi eigentlech aus?
Ganz onscheinbar am Keller vun engem Eefamilljenhaus ginn zanter 2021 fläisseg Boune geréischtert. Mat hirer eegener klenger Réischterei hunn de Patrick Gianni an de Vincent Della Schiava sech een Dram erfëllt – an aus der Passioun hire Beruff gemaach. An hirem Familljebetrib "Feierboun" versiche se dat Bescht aus all eenzel Kaffisboun eraus ze huelen. E komplexe Prozess, wou Prezisioun gefrot ass. Wärend dem Réischteren hält de Patrick permanent d'Temperatur an d'Evolutioun am Bléck. "D'Boune ginn duerch verschidde Phasen, wou Saieren ofgebaut ginn, da gëtt et eng Phas, wou Karamellisatioune geschéien an eng Phas, wou de Geschmaach entwéckelt gëtt”, erkläert de Vincent Della Schiava.

De Patrick Gianni an de Vincent Della Schiava.
Mat industriellem Kaffi kéint een hire Produit net vergläichen. Si proposéiere sougenannte Spezialitéite-Kaffi. E Segment, wou Nohaltegkeet, Transparenz, Mënschlechkeet an net zulescht eng besonnesch héichwäerteg Qualitéit am Fokus stinn. Am Specialty-Beräich géif et just eng Handvoll Réischtereien am Grand-Duché ginn, erkläert de Patrick.
"Mir wëssen, dass eng gewëssen Nofro do ass un engem Produit, deen ëmmer méi héichwäerteg ass. An d'Leit sinn deementspriechend bereet, e méi héije Präis dofir ze bezuelen."
All eenzel vun hire Kaffiszorten ass professionell bewäert. Dat geschitt beim sougenannte "Cupping", enger Degustatioun, wou de Kaffi a verschiddene Kategorien evaluéiert gëtt. Ma och de Client ka ganz einfach rausfannen, wéi eng Boun gutt ass, esou de Vincent:
"Eng gutt geréischtert Boun erkennt een un der Form. Wann Dir d'Packung opmaacht an Dir gesitt: d'Boune gesinn eenheetlech aus. Oder Dir gesitt, et ass keen Ueleg dran, de Kaffi richt net ranzeg duerch den Ueleg. Dat si sou kleng Astucen, déi ee sech ka mierken, wann ee gudde Kaffi wëll hunn."
925 Tase Kaffi drénkt de Lëtzebuerger an engem Joer. Dat soen op d'mannst Zuele vun 2021 (Source: statista). Domat steet de Grand-Duché un der Spëtzt vun den europäesche Kaffi-Konsumenten. Och wann d'Statistike warscheinlech verfälscht ginn duerch déi vill Frontalieren, déi bei eis Kaffi kafen. Mä sollte mer wierklech sou vill Kaffi konsuméieren? Laang hat en ee schlechten Image. Ma drénkt een de Kaffi a Moossen, ass e souguer gesond. 2-3 Tasen den Dag wiere kee Problem fir déi Leit, déi un de Koffein gewinnt sinn, seet d'Dieteticienne Vanessa Gonçalves. An am beschte schwaarz an ouni Zocker.
"Et ass bewisen, dass de Kaffi e gudden Effekt op eis Psych huet an och op d'Präventioun vun Alzheimer, Parkinson an Diabetes Typ 2. Mee natierlech muss een dobäi e gesonde Lifestyle hunn."
Dass de Kaffi duerchaus positiv Effekter kann hunn, heescht awer net, dass ee sollt ufänken, Kaffi ze drénke wann een et bis elo nach net gemaach huet. A fir all déi aner gëllt: net iwwerdreiwen. Well ze vill Kaffi ass schiedlech a kann ënnert anerem zu Angschtzoustänn, Nervositéit oder Häerzrhythmusstéierunge féieren.
Tipps dozou, wéi een e gudde Kaffi preparéiere kann, fannt Dir am Video-Reportage.