Op Äschermëttwoch gëtt all Joer zu Réimech de Stréimännche verbrannt an an d'Musel gehäit. Domadder ass d'Fuesent dann eriwwer.

Mat dësem Brauch gëtt de "Wëlle Mann" aus der Stad verdriwwen an d'Faaschtenzäit geet un. Dës dauert, wann dir et nach net gewosst hätt, 40 Deeg. Donieft symboliséiert dës Traditioun, genee wéi d'Buergbrennen och, den Ufank vum Fréijoer.

Zesumme mat engem Cortège gëtt de Stréimännchen duerch Réimech gedroen, dono dann op der Bréck verbrannt an an d'Musel gehäit. Traditionell huet de Männchen och ëmmer eng eidel Fläsch an en eidele Portmonni dobäi, fir ze weisen, dass et elo duergeet mat der ausgeloossener Fuesstëmmung.

An engem Schaltjoer gëtt iwwregens de weibleche Pendant, d'Stréifräche verbrannt.