Galeries Lafayette
Shopping-Center an der Stad bleift op

De Grupp "Hermione People & Brands" exploitéiert am Ganze 25 Standuerter vun de Galeries Lafayette.
Wéi d'Galeries Lafayette elo an engem Schreiwes matdeelen, wier een doriwwer informéiert, dass dëse Grupp den Ament gréisser Schwieregkeeten hätt. De Grupp hätt dofir eng Demande gemaach, fir eng sougenannte "Procédure de sauvegarde" fir seng Butteker an d'Weeër ze leeden.
D'Galeries Lafayette stellen an dësem Zesummenhang kloer, dass hire Shopping-Center an der Stad net zu de Geschäfter zielt, déi vun "Hermione People & Brands" exploitéiert ginn. D'Galeries Lafayette an der Stad wäerten deemno op bleiwen.
Am meeschte gelies