E Sonndeg haten d'Fuesgecke Schëffleng komplett am Grëff. 38 Gruppe sinn duerch d'Stroosse gezunn.

Eng Tonn Séissegkeeten, Gadgeten an 30 Dausend Chipstute goufen un d'Leit verdeelt. Dem Organisateur no wären eng ronn 10 Dausend Fuesgecken sech dee Spaass ukucke komm.

Musek- a Foussgruppe waren um Rendezvous. Si koumen net nëmmen aus Lëtzebuerg. Och belsch, däitsch a franséisch Gruppe ware mat derbäi. 21.000 Euro huet d'Kavalkad dëst Joer kascht. Iwwer d'Verkafe vun den Entréesbilljeeë kënnen des Fraisen zum Deel gedeckt ginn.

Wéinst der Pandemie huet zejoert de Cortège misse kuerzfristeg ofgesot ginn.

En nächste Sonndeg ass da Kavalkad zu Esch. Duerno dann nach zu Keel, Waasserbëlleg, Péiteng a Réimech.