Am Ufank waren déi alldeeglech Trips an den Disneyland eng Méiglechkeet, d'Haus ze verloossen. Duerno huet hien tatsächlech e Weltrekord opgestallt.

Am Joer 2012 hat den Amerikaner Jeff Reitz keng Aarbecht méi. Fir sech eng Paus ze gënne vun der ustrengender Sich no Aarbecht, huet de mëttlerweil 50 Joer ale Mann vu sengem Disneyland-Jorespass profitéiert, deen hie geschenkt krut. Eigentlech war de Besuch am Park fir hien d'Méiglechkeet, aus dem Haus ze kommen. Duerno ass et zu enger Routine ginn.

Ganzer 2.995 Deeg hannerteneen huet de Jeff Reitz en Tour duerch de beléifte Park gemaach. Dat sinn 8 Joer, 3 Méint an 13 Deeg, déi hien all Dag am Disneyland verbruecht huet. Op de soziale Reseauen huet hie seng Aventuren am Park zu Anaheim a Kalifornierin och ëmmer festgehalen.

De Jeff Reitz war sech scho bewosst, dass dëst relativ aussergewéinlech ass an hat och den Doute, dass et e Rekord wier, erzielt hien am Interview mat der Los Angeles Times. Guinness World Records hat awer nach kee Rekord an dem Genre festgehalen. Fir en neie Rekord opstellen ze loossen, hätt hien also eng Tax misse bezuelen, also huet hien et si gelooss.

Viru knapp enger Woch huet Guinness World Records sech awer beim Amerikaner gemellt, fir e Reportage ze maachen. Do ass de Jeff Reitz gewuer ginn, dass hien a säi Rekord offiziell unerkannt goufen.

Net ganz bëllegen Hobby

Ma hannert där ganzer Aktioun stoung awer e gewësse finanziellen Opwand a gudden Zäitmanagement. Wou de Jeff Reitz nämlech rëm eng Aarbecht fonnt huet, huet hie seng Deeg ganz nei misse plangen. Heiansdo ass hien da ganz frei oder ganz spéit an de Park gaangen oder huet sech souguer en Dag Congé ugefrot.

Just fir eng kleng Iddi vu sengen Depense ze kréien, hei eng ganz banal Rechnung. Den éischte Jorespass krut de Jeff Reitz jo geschenkt. 7 Joer laang huet hien also selwer d'Entrée bezuelt. De Pass kascht fir ee Joer 1600 US-Dollar. Eleng fir d'Entrée huet den Amerikaner déi lescht Joren also méi wéi 11.000 Dollar bezuelt. Dobäi kommen dann nach Käschte fir Iessen, Gedrénks a Weideres.

Nëmme bal déi 3.000 geknackt

Eigentlech hat de Jeff Reitz sech als Zil gesat, déi 3.000 Deeg hannerteneen am Fräizäitpark vollzemaachen an en hat et och bal gepackt, bis dunn de 14. Mäerz 2020 de Park wéinst der Pandemie huet mussen zoumaachen. Do huet seng Aventure gezwongenermoosse missen ophalen. Hie war traureg a glécklech an engem, erzielt hien am Interview. Hie konnt sech schwéier virstellen, wéi den Alldag dann ouni Disneyland ausgesäit. Ma duerch d'Pandemie an de Lockdown hat hie souwisou keen anere Choix.

Dass ee säi Weltrekord brécht, hält de Mann fir éischter onwarscheinlech. Zënter der Pandemie muss ee säin Openthalt am Park am Viraus reservéieren an och de Jorespass ass just nach limitéiert.

De Jeff Reitz selwer geet nach reegelméisseg an de Fräizäitpark, e Jorespass huet hien awer net méi.