Net nëmmen hat de Guy Savoy zanter 2002 ouni Ënnerbriechung 3 Michelin-Stären, och gouf hie 6 Mol hannerteneen als beschte Kach vun der Welt ausgezeechent.

Wéi et vum Chef vum Michelin-Restaurantsguide Gwendal Poullence heescht, ass d'Decisioun no "sëllege Besich vun eisen Inspekteschen an Inspektere wärend dem Joer" getraff ginn.

Gastronomie-Experte wéi de Grënner vum internationale Restaurant-Klassement "La Liste" Philippe Faure hunn iwwerrascht op d'Decisioun reagéiert: "Weder Kommentare vun de Gäscht, nach Restaurant-Kriticken hunn dorop higewisen, datt d'Qualitéit vum Restaurant Guy Savoy sech verschlechtert huet".

De Guy Savoy huet sech heivunner awer net decouragéiere gelooss: "Mir hunn an dësem Joer d'Spill verluer, awer am nächste Joer gewanne mer nees", sou de Spëtzekach.

Et ass déi éischte Kéier zanter 2020, datt Michelin en Dräi-Stäre-Restaurant degradéiert huet. Nieft dem Restaurant Guy Savoy huet och de Restaurant vum Christopher Coutanceau zu La Rochelle säin drëtte Stär verluer. Dësen huet bis ewell nach net op de Verloscht reagéiert.