E Méindeg huet Michelin d'Selektioun vun dësem Joer fir de Guide Michelin a Frankräich virgestallt.
2023 ginn am Guide rouge 630 Etablissementer recommandéiert, ënnert deenen 39 nei Stäre-Restaurante sinn. Ënnert den neie Stäre-Restauranten a Frankräich sinn ënnert anerem den "de:ja" zu Stroossbuerg an den "Relais de la Poste" zu La Wantzenau.
Donieft begréisst Michelin France 2023 véier nei Zwee-Stäre-Restauranten: De Restaurant "Cyril Attrazic" zu Aumont-Aubrac, de "Château de Beaulieu" zu Busnes, den "Amaryllis" zu Saint-Rémy an d'"Auberge de Montmim" zu Talloires.
Déi héchst Auszeechnung, op déi Zwee-Stäre-Käch hischaffen, geet dëst Joer un den Alexandre Couillon. Scho laang huet hien als Favorit gegëllt, fir vu Michelin gekréint ze ginn an den "La Marine" als Dräi-Stäre-Restaurant ze klasséieren.

Den neien Dräi-Stäre-Kach Alexandre Couillon. / © AFP/LOIC VENANCE
De Präis vun de jonke Käch geet dëst Joer un de 26 Joer ale Belsch Mallory Gabsi, deem säi Restaurant mam selwechten Numm eréischt 2022 opgaangen ass a schonn dëst Joer een éischte Stär krut.
Michelin éiert dëst Joer dann och aacht nei Restaurante mam Grénge Stär, deen un Etablissementer geet, déi d'ekologesch Responsabilitéit an de Mëttelpunkt stellen. Ënnert den am Ganzen 90 Restaurante mat engem grénge Stär ass den "de:ja" zu Stroossbuerg, deen och nei ënnert de Stäre-Restauranten ass. Den neien Zwee-Stärerestaurant "Château de Beaulieu" zu Busnes kritt 2023 och e Grénge Stär vu Michelin, grad ewéi de "Jardin secret" zu Cotignac, den "La Bòria" zu Veryas, den "Le Doyenné" zu Saint-Vrain, de "Les Chemins - Domaine de Primard" zu Guainville, de "Ruche" zu Gambais an d'"Villa Pinewood" zu Payrin-Augmontel.
Fir d'Schneekerte ginn et siwen nei Etablissementer an der Kategorie "Passion Dessert". Zu Paräis sinn et direkt zwee Restauranten, déi an där Kategorie geéiert ginn: den "Le Baudelaire" an de "Jules Verne". Donieft kommen de "Flocons de Sel" zu Megève, den "Les Explorateurs" am Hotel "Le Pashmina" zu Val-Thorens, de "Mirazur" zu Menton, de "Rouge" zu Nîmes an den "Troisgros - Le Bois sans Feuilles" zu Ouches.
Den neie Guide "Bib Gourmand" fir d'Belsch a Lëtzebuerg gëtt dann den 13. Mäerz zu Mons virgestallt.
Méi Infoen zu de Stäre-Restauranten, déi vu Michelin ausgezeechent goufen, fannt Dir op hirem Site.