Wie fir dëst Joer schonn no enger Vakanz gekuckt huet, wäert sech deemno wéi gutt erféiert hunn.
Wéi vill méi deier sinn Hotellen a Flich wierklech ginn? A wéi kann ee beim Buche spueren?
D'Inflatioun spigelt sech och an der Reesindustrie erëm. Et wier zwar schwéier, eng allgemeng gülteg Ausso ze treffen, ma plazeweis misst ee mat enger Hausse vun 10-15 Prozent rechnen, esou de Fernand Heinisch, President vun der Lëtzebuerger Unioun vun de Reesagencen (ULAV) a Directeur-Associé bei Voyages Emile Weber. Virun allem bei de Volle wier en däitlechen Ënnerscheed ze spieren. "Déi Zäite virun der Pandemie, wou ee fir 300 Euro op New York komm ass, dat ass definitiv eriwwer. Ech mengen net, dass elo nach an Zukunft ënnert dem Präis gefuer gëtt. All déi Acteuren an der Touristik hunn an der Pandemie esou vill gelidden an esou vill finanziell Pertë gemaach, dass keen et sech méi kann erlaben, Präisser ze bradéieren. An ech mengen, et sinn och elo korrekt Präisser, déi um Marché sinn."
D'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair kéint eegenen Aussoen no stabil Tariffer bäibehalen, trotz klammende Präisser fir Sprit, Kerosin a "ground handling". Dat gëllt awer just fir déi Reservatiounen, déi ganz fréi gemaach ginn, betount een hei.
Obschonn et nach ze fréi wier, fir e Bilan ze zéien, hätt d'Inflatioun bis elo nach keen Impakt op d'Rees-Loscht vun de Leit gehat. Vun Dezember bis haut wier gutt gebucht ginn, esou de Fernand Heinisch. An awer géifen d'Reesbüroe versichen, d'Präisshausse net 1:1 un de Client weider ze ginn. "Sou gutt wéi méiglech Präisser maachen, awer ouni un d'Qualitéit ze goen", dat wier elo d'Erausfuerderung. Déi eenzeg Méiglechkeet wier et, mat de Fournisseuren ze verhandelen. Och bei eiser nationaler Airline géif ee versichen, den Impakt op de Client ze limitéieren. Dat och, fir weiderhin kompetitiv Präisser ubidden ze kënnen.
Ma wat haut deier ass, kéint a puer Wochen nees méi gënschteg sinn, esou de Bernard Ley, Direkter vu Voyages Flammang. D'Präisser géingen nämlech schwanken. A wat d'Tariffer vun den Hotellen ugeet, do géif d'Pandemie indirekt nach eng Roll spillen.
"Wéi nach bal alles zou war, hu verschidden Hotelle praktesch bradéiert, fir einfach puer Leit an den Hotel ze kréien an d'Aktivitéit um Goen ze halen, do hunn déi 50 Prozent Remisë gemaach, virun 2 Joer oder d'lescht Joer och vläicht nach e bëssen. Elo si se rëm zréck op hirem normale Präis, an dann huet een op eemol d'Perceptioun 'oh deen ass awer vill méi deier ginn'. Nee, en ass lo rëm do, wou e war."
Rees-Trends 2023
D'Leit wëlle reesen – an dat och nees méi wäit! "Fernreesen" a Croisièrë wieren 2023 nees immens beléift, mat Destinatiounen an asiateschen an afrikanesche Länner, esou d'Arlette Heck, Responsabel vun der Agence an der Belle Etoile. Tansania a Polynesien hätten immens gutt gezunn bis elo, a Japan ass als Trend-Destinatioun um Kommen. Ee Grond: d'Weltausstellung 2025, e Publikumsmagnéit.
Déi klassesch europäesch Destinatioune wéi Spuenien, Portugal, Griicheland oder Tierkei stinn och nach ëmmer wäit uewen op der Lëscht. A bei der eelerer Clientèle zéie Flosscroisièren a Busreesen nees un.
Spuer-Tipps
Ma wéi sollt ee sech beim Reservéiere vun enger Rees uleeën, fir méiglechst vill Suen ze spueren? Hei e puer Tipps.
Cookies läschen
Këmmert ee sech am léifste selwer ëm alles a bucht Hotel, Vol oder Aktivitéiten online, ass den éischte Schrëtt, d'Cookies am Browser ze läschen. Esou kritt ee meeschtens déi bescht Präisser ugewisen, well ee keng digital Spueren hannerléisst. Eng aner Méiglechkeet ass et, am sougenannten "Incognito Modus" ze surfen oder ee Browser ze huelen, deen ee soss net benotzt, a wou deemno keng Cookies gespäichert sinn.
Verschidden Apparater ausprobéieren
Do dernieft ass et net verkéiert, d'Offeren op verschiddenen Apparater mateneen ze vergläichen. Et ass zwar net d'Reegel, mee et ka virkommen, dass op Laptop, Smartphone oder Tablet ënnerschiddlech Präisser ugewise ginn. Deels si se souguer kloer als "mobile Deal" gekennzeechent.
Vergläichsportaler
"Vergläichen" ass souwisou d'Zauberwuert, wann et drëms geet, dee beschten Deal erauszeschloen. De Choix ass grouss ënnert de Plattformen, déi angeblech deen nidderegste Präis virschloen. Mee opgepasst viru verstoppte Käschten! Net nëmme kritt een dacks héich Servicefraise verrechent, ma et kéint een och mol iergeféiert ginn. An zwar, andeems ee fett gedréckten Tarif erausstécht, deen awer just gëllt, wann een en Abonnement beim Portal huet. De soi-disant "richtege" Präis gëtt méi kleng ugewisen. Doriwwer eraus kënnt een heiansdo besser ewech, wann een de Fligerticket direkt bei der Airline reservéiert.
Direkt iwwert den Hotel reservéieren
Dat selwecht gëllt fir d'Hotellen. War et laang d'Reegel, dass een zum Beispill op der Plattform Booking.com déi bescht Präisser kritt, lount et sech och hei op den Internetsite vum Hotel kucken ze goen. Oder et hëlt ee ganz einfach den Telefon an de Grapp a freet perséinlech no, ob eng Remise dran ass.
Flexibel sinn
An net zulescht heescht et, flexibel sinn! Ass een net u Schoulvakanze gebonnen a kann och bannent der Woch verreesen, profitéiert een dacks vu besseren Tariffer.