E Weier an engem Gaart ass schonn eppes Flottes. Planzen, déi wuessen, Fësch, déi schwammen an e schéine Fleck Natur matzen op engem sengem Terrain.
E Weier ass awer och mat Aarbecht verbonnen an et soll ee sech et dofir och gutt am Viraus iwwerleeën. Wichteg ass awer och, datt ee sech am Virfeld Gedanken iwwer d'Sécherheet mécht, fir datt et net zu engem Accident kënnt.
Am Januar dëst Joer huet d'Natur- a Bëschverwaltung op de soziale Medien e Video gedeelt, wou ee gesäit, wéi se hu missen e Biber retten. Well et op de Säite riicht erofgaangen ass, koum d'Déier net méi eraus an et huet een em missen eraushëllefen. Dëst ass e schlecht Beispill vun engem kënschtleche Weier am Gaart.
Verschidden Niveaue vun der Déift si wichteg an et muss een och vun Ufank un decidéieren, ob ee léiwer Fësch oder Amphibien am Weier huet. An dësem Reportage schwätze mir och mam Roland Proess, deen 3 Weieren huet an an der Moyenne 20 Stonnen d'Woch no dëse kuckt an hie verréit eis, op wat ee muss oppassen, wann ee gären e Weier am Gaart hätt.
Fir e Weier am Gaart, deen am Bauperimeter läit, brauch ee keng Geneemegung, wëll een awer een an enger Gréngzon uleeën, da muss een dat beim Ëmweltministère ufroen.
An de Gäert schwätzt een an der Reegel och net vun engem Naturweier, mee vun engem Gaarden-, respektiv kënschtleche Weier mat enger Folie dran, fir datt d'Waasser net erausleeft.