No iwwerdriwwenem Alkohol- a Drogekonsum kréie vill Mënschen dacks Honger, sinn awer dacks guer net méi an der Lag, nach ze kachen.

Nodeems déi neiséilännesch Pompjeeën dës Erfarung ëmmer nees gemaach hunn, hate si eng witzeg, awer net ganz onintelligent Iddi. Si hunn e Kachbuch zesummegestallt, mat Rezepter, déi een och och am vollen oder drogéierten Zoustand nach hikritt.

D'Grondiddi hannert dem Online-Kachbuch: Ass een ze domm, respektiv ze voll oder drogéiert, fir e Schäffchen unzemaachen oder eng Pan an de Grapp ze huelen, oder et huet een als Hobby-Kach zwee lénker Hänn, sollt ee beschtefalls just nach den Toaster, d'Mikrowell, Airfryer an e Waasserkocher benotzen. Also just nach Apparater mat Zäitschaltauer. Wéi dacks kënnt et vir, dass Leit net méi sou ganz kloer denken a loossen d'Kachplack oder de Schäffchen un. An dat geschitt souguer dacks genuch, och ouni dass Alkohol oder Drogen am Spill sinn.

De Pompjeeën no sinn eleng an Neiséiland iwwer 1.400 Hausbränn an domat iwwer ee Véierel vun allen Hausbränn dorop zeréckzeféieren, well ee beim Kachen net uerdentlech opgepasst huet. A ronn d'Hallschent vun dëse Fäll sinn dann nees Alkohol oder Droge mat responsabel.

"You're Cooked", esou ass d'Campagne vun den neiséilännesche Pompjeeën iwwerschriwwen. Si wollten de seriöe Problem am Kachbuch mat vill Humor eriwwerbréngen an esou kann ee sech bei munch Rezept tatsächlech d'Fro stellen, ob et eescht gemengt ass.

E Rezept als Beispill: Den "Toast-Sandwich"

"Maach eng Scheif Brout an den Toaster an toast se". Sou wäit, sou gutt an et geet nach weider. Ass dëst geschitt, kann ee Botter drop schmieren an de beschtefalls knusperegen Toast tëscht zwou normal, ongetoast Scheiwe Brout stiechen. "Huel d'Brout-Toast-Brout an deng fiicht Griffel. Bäiss dran. Gutt."

Et fënnt een awer och, wéi ee sech uleeë muss, fir Nuggets aus dem Airfryer oder Nuddelszopp mat Hëllef vun engem Waasserkocher ze preparéieren.

Zesummegestallt goufen déi méi wéi simpel Rezepter vum Jamie Robert Johnston. De Kach vun Auckland hätt och seng Uni-Zäit als Inspiratioun geholl. Besonnesch an der Studentenzäit huet ee jo alt gär mol eppes konsuméiert - ouni lo jidderee wëllen an een Dëppen ze geheien - ofgesinn dovun, dass sech do der vill déi alleréischte Kéier d'Fro stellen, wéi kachen iwwerhaapt geet. Do wiere mer nees bei den zwou lénker Hänn...

Zu der Campagne vun den neiséilännesche Pompjeeë gehéiert awer net just d'Online-Kachbuch, ma gëtt nach illustréiert mat engem Video, deen alkoholiséiert Mënsche weist, déi d'Rezepter nokachen. Dobäi gëtt natierlech vill gelaacht. Eng Testpersoun huet zum Beispill eleng scho Problemer domat gehat, Botter op d'Schmier ze kréien.

De Video goufen iwwregens extra inzenéiert, mat echte Mënschen, déi nuets och reell op den Tour waren. Si hate sech am Virfeld bereet erkläert, bei der Aktioun an enger Test-Kiche matzemaachen. Si goufe souguer dofir bezuelt.