D'Péckvillercher waren nees an der Stad
An der Stad war e Méindeg vun 8 bis 17 Auer déi 194. Editioun vun der traditioneller Éimaischen, déi 1827 als Aulebäckermaart gegrënnt gouf.
Déi éischt Korrespondenz iwwert de Maart ass e Bréif vum Policecommissaire Jhemp Müllendorf un de Schäfferot vun der Stad vum 3. Abrëll 1827, an deem hie virschléit, d'Stänn vu vis-à-vis vun der Méchelskierch op de Fëschmaart ze verleeën an d’Organisatioun vun der Plaz schonn den Owend virdrun z’organiséieren, fir fir méi Sécherheet ze suergen. De 6. Abrëll du koum d'Äntwert vum Buergermeeschter: "Nous vous autorisons pleinement à prendre toutes les mesures que vous jugerez convenables pour la tenue de la foire d'Emmaus." De 16. Abrëll 1827 gouf d'Éimaischen also fir d’éischt do ofgehalen, wou se haut nach traditionell ass.