Éischt "École du Goût" mécht zu Branebuerg op

© Danielle Goergen
Wou kënnt eist Iessen hir? An a wat fir enger Relatioun steet et mat der Ëmwelt oder dem Klima? Genee dëse Froe geet een elo zu Branebuerg no.
Dës Woch war déi offiziell Ouverture vun der éischter “École du Goût” hei am Land. D’Konzept kënnt aus Frankräich a gëtt et schonns zanter 2007. Zu Lëtzebuerg gouf et dës bis elo just a Form vu Workshoppen an de Schoulen. Ma elo huet d’Geschmaachsschoul e feste Sëtz an der “Al Millen”. Hei léiert ee richteg schmaachen, déi 5 Sënner asetzen a virun Allem bewosst iessen. Esou wëll ee Kanner an Erwuessener zeréck op de Goût bréngen a regional Produiten erfuersche loossen. Gesond Iessen an Nohaltegkeet ginn dobäi Hand an Hand.
“Do si mir zum Beispill am Hierscht mat enger Schoulklass an de Bongert gaangen”, erkläert de Laurent Baulesch vun der École du Goût. “Amplaz datt mir dat am Klassesall maachen, hu mir eng Degustatioun am Bongert gemaach. Dat ass interessant, well da wierken déi perfekt Äppel aus dem Supermarché anescht wéi am Schoulkader. Am Bongert sinn d’Kanner och méi zougänglech fir Äppel, déi um Buedem leien oder Téitschen hunn.”
Mat flotte Rezepter gëtt dann d’Veraarbechte vun de Liewensmëttel thematiséiert. An der fonkelneier Kichen sinn herno awer och Formatioune beispillsweis fir Käch an de Maison Relaisen. Wichteg dobäi wier, datt een ëmmer mat den Acteuren aus de verschiddene Beräicher zesummeschafft.
“Mir wäerte weiderhin och esou Coursen ubidden”, esou d’Simone Dégardin vun der École du Goût. “Entweder mat Käch aus der Ëmgéigend oder mir selwer. Wou mir da méi op d’Gesondheet aginn, wou ee léiert saisonal, gesond awer och schnell an einfach ze kachen.” Donieft géif ee weider Ateliere fir Schoulklassen halen, wou et konkret ëm d’Schmaache geet.

En Donneschde gouf et fir d’Kanner eng Virliesung zum Thema Rout Rommelen. An deem Sënn konnte si och eng sëllege Produiten schmaachen, wou dës dra verschafft goufen. Ënnert Anerem Zalot, Chipsen a Kuch. Virun Allem awer d’Limonade, déi mat de Schuele vun der Rommel gemaach gouf, koum gutt un. Esouwuel bei deene Klengen, wéi och den Elteren. Et wier immens flott, datt een d’Produiten direkt probéiere kéint, esou eng vun de Mammen. D’Limonade géif si och doheem probéieren. “Ech denken, datt dat flott fir d’Kanner ass, mol eppes aneschters ze hunn, wou d’ Geméis e bësse verstoppt ass.”
Am Kader vun der Ouverture sinn nach bis en Dënschdeg Animatioune geplangt. Dorënner en After-Work mat Expo, eng Genosswanderung an e Méindeg eng Filmpresentatioun.