De Kinnek Charles III. huet mat 20.000 Mënsche gefeiert
Um Terrain vum Schlass Windsor war e Sonndeg den Owend eng méi lass mat engem extra grousse Popconcert zu Éiere vum King Charles III.
De "Coronation Concert" war ee weideren Héichpunkt vum laange Kréinungsweekend.
Gutt 20.000 Leit hu sech een Dag no der offizieller Kréinung vum Charles versammelt, fir zesumme mam brittesche Kinnek Stars wéi de Lionel Richie, Take That oder nach Katy Perry live z'erliewen. Den Charles III. a seng Fra Camilla, wéi och den Trounfollger Prënz William mat senger Fra an de Kanner George an Charlotte, souzen op der Éieretribün.
De Prince of Wales huet dann och am Ufank d'Wuert u säi Papp geriicht an enger emotionaler Ried - "Pa, mir sinn esou houfreg op dech" - an huet do och u seng Groussmamm, déi verstuerwen Queen Elizabeth II., erënnert: "Ech weess, dass du do uewe bass, virsuerglech deng Aen op eis häls. A si wier eng immens houfreg Mamm."
Ganz begeeschtert, bei esou engem Event och méi spéit mol dierfen dobäi ze sinn, war iwwregens d'Prinzessin Charlotte. Déi kleng brittesch Prinzessin war beim Optrëtt vum Katy Perry net méi ze bremsen an huet mat vill Enthusiasmus matgesongen.
