Op dësen aussergewéinleche Plaze kann ee sech zu Lëtzebuerg elo "Jo!" soen
Zanter e bësse méi wéi engem Joer gëtt et nei Reegelen, wat déi zivil Hochzäit ugeet.
Hochzäite konnt ee bis d'lescht Joer an der Gemeng beim Buergermeeschter feieren. Duerch dat neit Gesetz ass et elo och erlaabt, sech op anere Plazen d'Jo-Wuert ze ginn. 33 Gemengen hu bis elo esou Plaze festgeluecht. Domadder sollt déi zivil Hochzäit moderniséiert ginn an de Koppele méi Flexibilitéit accordéiert ginn, fir hir Hochzäit ze plangen.
Egal wou kann een sech dann awer och net bestueden. D'Viraussetzung ass, dass et eng Plaz ass, déi d'Gemeng festleet an déi och an hirem Besëtz ass. Dat kënnen historesch Gebaier, Festsäll, e Park oder e Schlass sinn. Reliéis Gebaier komme just a Fro, wa se desakraliséiert goufen. Dat ass zum Beispill de Fall an der Gemeng Sëll. Et muss och op d'mannst ee vun der Koppel an der Gemeng wunnen.
Méi Informatioune fannt Dir op sotjo.lu.
Hei eng Auswiel vu Plazen, op deenen an Zukunft Hochzäite kënnen ofgehale ginn, oder wou der och scho waren:
- Villa Collart: Zu Stengefort kann ee sech zum Beispill an der Villa Collart bestueden. Dat ass een iwwer 100 Joer alt Härenhaus, dat zanter 2018 als nationaalt Monument klasséiert ass. Zanter de 60er Joer gehéiert d'Villa der Gemeng Stengefort. 2023 ware bis elo déi 4 vu 4 Hochzäiten an der Villa Collart. Dat Joer virdru souguer 14 vun 18.
- Kapell Sankt Anna: Déi desakraliséiert Kapell vu Sankt Anna zu Kapweiler geet zréck bis an d'15. Joerhonnert. Si gëtt net méi fir reliéis Zwecker benotzt an ass zanter der Pandemie eng Alternativ fir d'zivil Hochzäiten.
- Buerg Useldeng: Am 16. Joerhonnert ass si eng Kéier zu engem gudden Deel zerstéiert ginn. Mëttlerweil ass si nees gutt an d'Rei gesat. Bis elo ass awer nach keng Koppel hei bestuet ginn. D'Autorisatioun gëtt et zanter dem Hierscht an de Site ass méi interessant bei guddem Wieder. An der Vergaangenheet sinn et ëmmer mol nees Demandë ginn, wat dee Moment nach net méiglech war. Elo kënnen d'Useldenger sech an enger richteger Buerg bestueden.
- Waassertuerm an d'Pomhouse: Dës Woch war déi éischt Hochzäit am Waassertuerm. Virun allem d'Vue kann hei iwwerzeegen. Am Pomhouse ass awer dofir méi Plaz fir d'Hochzäitsgäscht. Fir déi zwou Plaze brauch een en Accord vun der CNA.
- Veianer Schlass: Och d'Schlass zu Veianen ass fir zivil Hochzäite virgesinn. Wéi och déi aner Plazen an der Fotosgalerie kascht et net extra, wann een sech fir eng Plaz baussent der Gemeng entscheet.